
E Sonndeg ass een traurege Joresdag, well dann ass d'Atomkatastroph vun Tschernobyl genee 40 Joer hier. Dëse "Super-Gau" ass déi schlëmmst zivil Nuklearkatastroph an der Geschicht vun der Mënschheet. Déi russesch Invasioun, déi virun eppes méi wéi véier Joer an der Ukrain ugefaangen huet, huet d'Atomkraaftwierk neie Geforen ausgesat an de Risiko vun enger weiderer radioaktiver Katastroph däitlech erhéicht.
De 26. Abrëll 1986 um 1.23 Auer huet e mënschleche Feeler wärend engem Sécherheetstest eng Explosioun am Reakter Véier vum Atomkraaftwierk zu Tschernobyl am Norde vun der Ukrain, déi deemools nach Deel vun der Sowjetunioun war, ausgeléist. D'Explosioun huet de banneschten Deel vum Gebai auserneegerappt an de radioaktiven Damp ass an d'Atmosphär ausgetrueden. De Kärbrennstoff huet da méi wéi 10 Deeg gebrannt.
Dausenden Tonne Sand, Leem a Bläi goufe vun Helikopteren ofgeworf, fir d'Fräisetze vun de radioaktive Stoffer ze limitéieren. Déi international Atomenergieagence IAEA huet festgestallt, datt d'Haaptursaache vun der Katastroph "schwéier Mängel an der Konstruktioun vum Reakter an dem System, fir ofzeschalten," a Verbindung mat "Verstéiss" géint d'Virschrëfte vum Betrib waren.
An den Deeg dono kontaminéiert eng radioaktiv Wollek d'Ukrain, de Belarus a Russland, éier se sech iwwer Europa ausbreet. Déi éischt ëffentlech Warnung gouf et eréischt zwee Deeg méi spéit den 28. Abrëll, wéi Schweden eng Hausse vun de Stralungswäerter op sengem Territoire festgestallt huet.

D'IAEA gouf den 30. Abrëll dann offiziell iwwer d'Katastroph informéiert. De Michail Gorbatschow, deen zu deem Zäitpunkt un der Spëtzt vun der Sowjetunioun stoung, huet d'Katastroph eréischt de 14. Mee ëffentlech zouginn.
Engem Rapport vun der UNO no, deen am Joer 2005 publizéiert gouf, läit d'Zuel vun de confirméierten an och geschaten Doudesfäll an den dräi Länner, déi am stäerkste betraff waren, bei ronn 4.000. Greenpeace huet 2006 geschat, datt ronn 10.000 Mënschen un de Suitte vun der Katastroph gestuerwe sinn.
D'Vereenten Natioune schätzen, datt ronn 600.000 Mënschen als "Liquidatoren" agesat goufen, also als Persounen am Asaz waren, déi d'Feier am Atomkraaftwierk geläscht hunn an och Schied reparéiert hunn. Si all waren dann och däitlech ze héijer Stralung ausgesat.
D'Katastroph huet dann an der Ëffentlechkeet grouss Ängschte virun der Atomenergie ausgeléist an huet dofir gesuergt, datt d'Anti-Atomkraaft-Beweegungen an Europa groussen Zoulaf kruten.
Schonn um éischten Dag vun der russescher Invasioun vun der Ukrain am Februar 2022 hu russesch Zaldoten d'Atomkraaftwierk besat, nodeem Zéngdausenden Zaldoten an Honnerte vu Panzer vu Russland an dem Belarus, dem enken Alliéierte vum Aggresseur, an d'Ukrain agedronge sinn. An an ëm d'Kraaftwierk koum et awer zu kenge Kampfhandlungen.
Russesch Zaldoten hunn an der Géigend vum Wierk Tranchen ausgehuewen a Lageren opgeriicht. Ënner anerem hu se dat am Roude Bësch gemaach, dee säin Numm duerch d'Faarf vun de Beem krut. D'Beem waren duerch d'Awierkunge vun de Stralunge rout ginn.
Datt Russland d'Atomkraaftwierk ageholl huet, huet zu der Angscht virun enger weiderer Nuklearkatastroph gefouert, falls et am Beräich vun Tschernobyl zu Kampfhandlunge géif kommen. No engem Mount huet sech déi russesch Arméi zeréckgezunn, nodeem et hinnen net gelonge war, Kiew anzehuelen.
D'Kraaftwierk ass vun enger Stol- a Bëtongskonstruktioun bedeckt, déi als "Sarkophag" bekannt ass an no der Katastroph 1986 séier opgeriicht gouf. Eng modern Schutzschicht, bekannt als New Safe Confinement (NSC), gouf dann 2016 iwwert de Reakter gesat. Dës Schicht soll de Sarkophag, deen net als laangfristeg Léisung geduecht war, ersetzen.
Déi massiv Metallkonstruktioun gouf am Februar 2025 vun enger russescher Dron schwéier beschiedegt. An engem Rapport, dee Greenpeace am Abrëll 2026 publizéiert huet, ass ze liesen, datt d'NSC aktuell net reparéiert ka ginn an dowéinst och net, wéi u sech virgesinn, ka funktionéieren. Dowéinst géif de Risiko bestoen, datt Radioaktivitéit fräigesat gëtt. Et gëtt geschat, datt et ronn dräi bis véier Joer dauert, bis datt d'NSC reparéiert ass.
Am Dezember 2025 huet d'Leedung vum Kraaftwierk géintiwwer der AFP erkläert, datt eng weider russesch Attack dozou kéint féieren, datt déi wichteg Schutzschicht vum Reakter kéint an de Koup falen.
D'Gebitt ronderëm d'Kraaftwierk gouf evakuéiert an zu enger Spärzon, an där ee verloosse Stied, eidel Felder a Bëscher fënnt, deklaréiert. Am ganze si méi wéi 2.200 Quadratkilometer am Norde vun der Ukrain an 2.600 Quadratkilometer am Süde vum Belarus praktesch net bewunnbar. Mënsche kënnen der IAEA no an den nächste 24.000 Joer hei net sécher liewen.
D'Stad Prypjat, déi dräi Kilometer vun der Zentral ewech läit an 1986 nach 48.000 Awunner hat, gouf no der Katastroph komplett evakuéiert. Si bleift och verlooss. Hir eidel a verfale Gebaier, dorënner e Riserad, dat viru sech hi rascht, erënneren un eng postapokalyptesch Geeschterstad.
Virun der russescher Invasioun 2022 ware geféiert Visitten an der Géigend méiglech. Zanter bal dräi Joer ass d'Gebitt awer fir Touriste komplett gespaart. Ouni de Mënsch entwéckelt sech d'Spärzon quasi zu engem risegen Naturschutzgebitt. 1998 gouf do ënner anerem d'Przewlaski-Päerd, wat vum Ausstierwe menacéiert ass, ausgewëldert.