“Erzéien als Beruff” ass den Titel vun enger Table ronde, déi Ances en Dënschdeg den Owend organiséiert. Ances, dat ass de Fachverband am Beräich vun der sozialer Aarbecht an der Erzéiung hei am Land. Iwwer den Erzéier-Beruff schwätze mer mam President Geert van Beusekom. E Beruff, deen de Mënsch begleet vun der Pouponnière bis an d’Altersheem. Déi Villfältegkeet, d’Erausfuerderungen a wéi de Fachverband zu engem Social-Media-Verbuet steet, diskutéiere mer mat eisem Invité vun der Redaktioun Geert van Beusekom live um 8 Auer.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.