Petitionäre fuerderenGebaier vu virun 1955 sollen automatesch geschützt ginn

Claudia Kollwelter
Serge Pauly
E Mëttwoch de Moie war den ëffentlechen Debat iwwert d'Petitioun, déi sech fir d'Protektioun vum architektonesche Patrimoine zu Lëtzebuerg asetzt.
Petitioun 1638 iwwer Patrimoine kann net ignoréiert ginn
Dat neit Denkmalschutzgesetz wier wuel e Schratt an déi richteg Richtung, ma et wier keng Zäit do, op en nationalen Inventaire ze waarden.

Mir hu kee Problem mam Denkmalschutzgesetz, wat an der Maach ass, mä d'Zäit leeft eis fort, et muss ganz séier eppes passéieren. Dat hunn d’Petitionären e Mëttwoch an der Chamber betount, déi sech fir d’Erhale vum architektonesche Patrimoine am Land asetzen. Eng vun de Fuerderunge war et, datt Gebaier, déi virun 1955 gebaut goufen, automatesch geschützt solle ginn.

Debat Patrimoine / De Reportage vum Claudia Kollwelter

Dat géif net noutgedrongen heeschen, datt d'Gebai de Status vun engem nationalen Denkmal krit, huet ee vun de Petitionären ënnerstrach. Dem Peter Kleijnenburg no bräicht ee fir déi Gebaier eng Autorisatioun, fir kënnen ofzerappen:

"Domat evitéieren mer, datt mer ëmmer ze spéit kommen an d'Hallschent schonn ofgerappt ass, wa mer et wëllen protegéieren an d'Leit schonn den Accord vun der Gemeng kruten, déi ëmmer soen, datt wann et net protegéiert ass, se keng Demande fir d'Ofrappe refuséiere kënnen. All dat kéint een an de Grëff kréien, andeems ee seet: Et ass protegéiert, bis et net méi protegéiert ass."

Domat hätten de Petitionären no vill Gebaier kënne gerett ginn, déi antëscht ofgerappt goufen. D'Kulturministesch Sam Tanson allerdéngs huet betount, datt eng änlech Dispositioun am viregte Projet de Loi virgesi war, de Staatsrot déi Propositioun awer verworf huet a gesot, dass dat net géing goen, dass een esou een Datum géing drop leeën, aus diverse Grënn. Ee Grond heifir ass, datt ee keng Rechtssécherheet kéint hunn, iwwert dee geneeën Datum.

Dofir wier am neien Projet de Loi e sougenannte Filet de securité virgesinn. Fir all Gebai, dat kommunal geschützt ass, muss ee bei Sites et monuments froen, wann ee wëll Aarbechte maachen. Dofir wier et extrem wichteg, dass d'Gemenge sech och där Verantwortung bewosst sinn, déi se souwisou am Denkmalschutz hunn, an déi se och am Kader vun der Elaboratioun vun den neie PAGen hunn.

D'Kulturministesch Sam Tanson huet betount, datt et hir absolut Prioritéit wier, dat neit Gesetz gestëmmt ze kréien, fir en zäitgeméissen Denkmalschutz ze hunn.

No dësem ëffentlechen Debat krut déi zoustänneg Kulturkommissioun den Optrag, de Volet vun der Informatioun an der Sensibiliséierung am neie Gesetz ze stäerken. Virun allem d'Gemengen an d'Bierger solle besser informéiert ginn, wéi si al Gebaier besser schütze kënnen, respektiv wéi eng Reegele si bei engem protegéierte Gebai respektéiere mussen. Donieft soll sech d'Chamberkommissioun mat enger Propos vum DP-Deputéierten André Bauler beschäftegen. Deen huet virgeschloen, nom Virbild vum Environnement-Observatoire och en onofhängege Patrimoine-Observatoire ze schafen, fir d'Protektioun vum Patrimoine besser kontrolléieren ze kënnen. D'Iddi, fir al Gebaier vu virun 1955 d'office ze protegéieren, gouf dogéint wéinst méigleche juristesche Schwieregkeeten net zeréckbehalen.

Back to Top
CIM LOGO