Näerden - NidderpallenFrontalkollisioun tëscht 2 Gefierer um Freideg de Moien

RTL Lëtzebuerg
UM CR106 tëscht Näerden an Nidderpallen sinn um Freideg de Moien 2 Autoe frontal anenee gerannt. D'Streck war komplett fir den Trafic gespaart.
Accident tëscht Näerden an Nidderpallen
E Freideg de Moie sinn op dëser Streck zwee Autoe frontal anenee gerannt. 2 Persoune goufe blesséiert.

Ee vun den Automobiliste war mat sengem Gefier op déi aner Spuer geroden, wouropshin den aneren Auto net méi auswäiche konnt. Déi zwee Chauffere goufe blesséiert a koumen an d'Spidol, schreift d'Police. Am Bulletin vum CGDIS ass ze liesen, dass just eng Persoun blesséiert gouf.

Den Accident war géint 7 Auer an um 9.10 Auer Auer ass d'Streck nees opgemaach ginn.

Op der Plaz waren d'Pompjeeën an 2 Ambulanze vu Réiden.

Back to Top
CIM LOGO