Schroen AccidentFrontalkollisioun tëscht 2 Autoen op der N13 - 2 Blesséierter
Tëscht dem Wandhaff a Garnech, bei der Opfaart fir op d'A6, koum et um Dënschdeg de Moien zu enger Frontalkollisioun tëscht 2 Autoen.
Nom Accident war et just nach op enger Spuer lues laanscht gaangen, wouduerch et op där Plaz natierlech zu engem Stau komm war. Den Accident war no bei der Bréck geschitt, déi iwwert d'Areler Autobunn geet. Op der Plaz waren 2 Ambulanzen, de Samu an d'Pompjeeë vu Stengefort. 2 Persoune goufe blesséiert.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Am Niwwel koum et en Dënschdeg an der Mëttesstonn zu engem weideren Accident op der N7 tëscht Lëpschent an Houschent. 2 Autoe waren an den Accident verwéckelt. De Bilan sinn 2 Blesséierter.