60 Prozent vum Personal am Escher Spidol si Frontalieren, virop aus Frankräich. Wier d'Grenz zougemaach ginn, hätt et eng gréisser Katastroph ginn. De Premier Xavier Bettel sot, et misst een d'Zesummenaarbecht an der Groussregioun ausbauen. Datt schwéier krank Patienten aus dem Grand-Est opgeholl goufen, war een éischte Schratt an dës Richtung an dierft um Ënn verhënnert hunn, datt d'franséisch Autoritéiten d'Grenzen zougemaach hunn.

Vun e Méindeg un hunn d'Praxisse vun Dokteren nees op, ma et soll ee weider als éischt Kontakt per Telefon mat sengem Dokter ophuelen. Bei Verdacht op eng Infektioun mat Sars-CoV2 soll ee weiderhin an ee vun de 4 Centre de soins avancés goen. Datt dës esou séier ob de Been waren, an och genuch Personal do war, ass och ville Fräiwëllegen ze verdanken, déi sech gemellt hunn, esou ënnert anerem och d'Lëtzebuerger Medezinsstudenten.
Nationale Stock fir 4 Méint
Villes hätt sech zu Lëtzebuerg dank enger grousser Solidaritéit erméiglecht. De Premier krut e Message iwwer soziale Reseauen, datt de Brudder a China géif schaffen an hëllefe kéint, Masken ze kafen. Am Stock wier elo genuch Material fir 4 Méint ze iwwerbrécken, wann een elo guer näischt méi géif kréien.
Villes gouf en Place gesat, zu Esch am Spidol huet een e Freideg vill eidel Better gesinn. Et kéint een awer dovun ausgoen, datt elo duerch den Deconfinement nees méi Leit de Virus kréien, esou de Serge Meyer, Responsabele vun der Cellule de crise CHEM.
Tëscheresultater vu Prevalenzetude éischter berouegend
E wichtegen Deel vun der Lëtzebuerger Exit-Strategie ass, ee Flächendeckend ze testen, fir esou séier wei méiglech infektiéis Leit ze detektéieren. E wichtegen Outil ass d'wëssenschaftlech Etüd vun der Prevalenz, also der Verbreedung an der Populatioun vum Virus an engem representativen Echantillon. Tëscheresultater wieren éischter berouegend, esou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert. 3/4 vun de Resultater wieren ausgewäert, méi Detailer wollt d' Ministesch net ginn. De Weekend wäerten dës Resultater méi genee analyséiert ginn.
Berouegend dierft heeschen, datt de Virus wéineg verbreet ass an der Gesamtpopulatioun an och schonn en Deel Antikierper entwéckelt hunn.