
Déi Froe wërft den CSV-Parteipresident e Freideg de Moien op Facebook op. De Frank Engel vermësst e klore Message, eng kloer Kommunikatioun vun der Regierung op dësem Punkt. D'Bierger an d'Gemenge géife sech vill Froe stellen an d'Gemenge géife riskéieren, sech um "Maskemaart" géigesäiteg ewechzehamsteren. Dat kann net de Wee sinn, sou de President vun der gréisster Oppositiounspartei. Wa Masken do sinn, sollte se am Beschten zentral organiséiert a verdeelt ginn an dat op eng gerecht Manéier.
Konfusiounen ëm d'Otemschutzmasken: Gemenge wëssen net, ob a wéini se Masken erakréien