Déi nächst 3 Woche kënnt et op d‘Eegeverantwortung un, dat sot de Policeminister François Bausch e Freideg de Mëtteg.
Deenen Aktivitéiten, déi vun nächster Woch un nees erlaabt sinn, däerf een nëmmen nogoen, wann déi sanitär Reegele respektéiert ginn: Hännwäschen, 2-Meter-Distanz a Mask undoen.
Partyen am Gaart sinn net erlaabt. Dat sot de Minister ganz däitlech. Et dierf ee sech nëmmen dobaussen am ëffentleche Raum zu 20 Persounen treffen. Doheem dierf ee vun e Méindeg u 6 Leit empfänken. Och do appelléiert de François Bausch un d‘Responsabilitéit vun de Bierger, fir dës Lockerung net ze mëssbrauchen. Hei sollen d'Leit eng Distanz vun 2 Meter anhalen an och e Mask undoen.
De François Bausch: ''Natierlech kann een net mam Mask iessen. Ech mengen awer, dass ee sech do an der Fantasie ka Saache virstellen, wéi een dat kann organiséieren. Op mannst kann ech mir dat virstellen.''
De François Bausch huet dann och nach eng Kéier den Appell gemaach, datt et nach net déi richteg Zäit fir Partyen a Fester wär.
Nieft den normale Missiounen a Patrulle vun der Police goufen an de leschte Woche Covid-19-Patrulle 24/7 gemaach. Beamten aus alle Servicer hu matgehollef. D'Zuele waren iwwert déi lescht Wochen awer net konstant, se hu mat der Zäit ëmmer méi ofgeholl.
Am Ganze goufe ronn 6.000 Kontrolle gemaach. 2.000 Avertissements taxés a Convocatioune goufen et, am meeschte bei net erlaabten Deplacementer. Donieft goufen et ronn 80 Procés verbaux. Dat bei Caféen, Geschäfter a private Leit, déi trotz Verbuet gefeiert hunn.
De Philippe Schrantz: ''Zesumme klengen déi Zuele vläicht no vill. Eis generell Appreciatioun um Terrain war awer, dass d'Leit de Message vun der Regierung verstanen haten a sech un d'Reegele gehalen hunn.''
An den nächste Woche läit de Schwéierpunkt vun de Kontrolle beim Respektéiere vum Social Distancing, dem Anhale vun der Maskeflicht an op sech net méi wéi 20 Leit am ëffentleche Raum treffen, respektiv een net méi wéi 6 Leit doheem op Besuch huet.
D'Eegeverantwortung wär awer och essentiell, well d'Police natierlech net bei de Leit dobanne kontrolléieren dierf. De Philippe Schrantz betount awer, dass de Beamten d'Hänn net gebonne wären.
''Ech menge mir kréien déi Informatioun jo vun iergendwou hier, dann hu mir schonn emol en Zeien. Da kënne mir probéieren, vu baussen eppes ze gesinn. Mir kënne schelle goen, fir ze probéieren, Kontakt mat de Leit opzehuelen. Mir kënne keng Dier opbriechen, dorun ass net ze denken.''

