
Fir elo déi genau Ursaach vum Accident ze klären, sicht d'Police no Zeien, méi genau enger Fra an engem Mann, déi den Accident gesinn hunn, awer net méi op der Plaz waren, wéi d'Policebeamten agetraff sinn.
D'Zeie solle sech bei de Beamte vum Kommissariat "Ville-Haute" mellen, dat op der Plaz, via Telefon um 244 21 1000 oder Mail u police.villehaute@police.etat.lu.