EschFra gëtt op elektrescher Trottinette vun Auto ugestouss

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg gouf an der Rue Zenon Bernard eng Fra vun engem Auto ugestouss, wärend se mat enger elektrescher Trottinette op der Strooss gefuer ass.
© RTL-Archiv

Den Auto koum géint 19.40 Auer aus der Rue Pierre Claude an ass an d'Rue Zenon Bernard zu Esch ofgebéit. Dobäi krut en d'Fra ze paken, déi op de Capot vum Auto geschleidert gouf an op de Buedem gefall ass. D'Fra gouf dobäi liicht blesséiert.

D'Pompjeeë vun Esch an d'Ambulanz vu Suessem/Déifferdeng waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO