Samu am AsazFoussgänger zu Déifferdeng ugestouss a schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg gouf et zwee Asätz vum Samu, dat zu Déifferdeng an zu Alzeng.
© Laurent Weber

Den éischten Asaz vum Samu e Samschdeg den Owend war um kuerz virun 21 Auer zu Déifferdeng, wou ee Foussgänger ugestouss gi war. Nieft dem Samu vun Esch war och eng Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng op der Plaz, fir sech ëm de Blesséierten ze këmmeren, mellt de CGDIS.

D'Police huet e Sonndeg de Moie weider Detailer zum Asaz an der Rue Emile Mark zu Déifferdeng ginn. Éischten Informatiounen no war de Foussgänger um Zebrasträifen, wou e vum Auto erfaasst gouf, dee vun Zolwer aus komm ass. De Passant gouf schwéier blesséiert a koum an d'Spidol, wärend den Alkoholtest vum Chauffer positiv war. Den Auto gouf op Uerder vum Parquet saiséiert an et gouf ee Protokoll erstallt.

Zwou Persounen hunn da missen ëm kuerz virun 1 Auer an der Nuecht vun engem Samu zu Alzeng betreit ginn, nodeems ee Camion an een Auto net laanschtenee komm waren. Och Ambulanze vu Beetebuerg an aus der Stad waren am Asaz, fir sech ëm déi zwee Blesséiert ze këmmeren.

E Samschdeg den Owend hat et awer nach zwee weider Accidenter ginn, bei deene Leit blesséiert goufen. Zu Sir ass géint 19.15 Auer een Auto an eng Mauer gerannt an zu Éinen ass géint 20.30 Auer eng Camionnette ëmgekippt. A béide Fäll gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO