
Méi genee ass den Accident op der Kräizung vum Boulevard Raiffeisen mam Boulevard Kockelscheier geschitt. Wéi de CGDIS géint 17 Auer preziséiert, goufe beim Accident am Ganzen zwou Persoune blesséiert. Op der Plaz waren de Samu-Noutdokter an d'Rettungsdéngschter aus der Stad.
De Boulevard Raiffeisen war bis kuerz no 17 Auer a Richtung A3 gespaart.