Am CNFPCFormatioun, fir jonke Leit eng Perspektiv op eng Aarbecht oder e Studium ze ginn

Christophe Hochard
Iwwer de Summer gouf am Educatiounsministère deementspriechend eng nei Formatioun ausgeschafft.
Formatioun "Diplom Plus" am CNFPC
Iwwer de Summer gouf am Educatiounsministère deementspriechend eng nei Formatioun ausgeschafft.

Nom Lycée kann ee sech zanter Mëtt Oktober weider ausbilde loossen. Zu Esch am CNFPC, dem nationale Weiderbildungszenter, goung et en Dënschdeg am Cours drëms, deene jonke Leit mat op de Wee ze ginn, wéi ee sech an engem Virstellungsgespréich behëlt. Dësen Exercice gouf nogespillt, fir dass d'Schüler sech kënnen an dës Situatioun eraversetzen.

150 Jonker opgedeelt op 7 Klassen huelen un dëser Formatioun mam Numm "Diplom Plus" deel. Si all hunn hire Premières-Diplom an der Täsch a kommen entweder vum Classique, dem Général oder dem Technichien.

Wärend deen ee Grupp trainéiert, wéi ee sech an engem Virstellungsgespréich gutt verkeeft, léiert deen zweete Grupp, wéi ee sech virun enger Kamera behëlt.

Dës Formatioun geet iwwer 2 Semester a gëtt op verschiddene Plazen am Land organiséiert. Nieft Esch ënnert anerem och zu Ettelbréck. Dës Formatioun kéint och fir Unisstudenten ugepasst ginn. Eng deementspriechend Ufro koum vun der Acel, der Lëtzebuerger Studenten-Associatioun.

Den Diplom Plus zitt sech iwwer 25 Leçonen d'Woch, respektiv 5 den Dag.

Back to Top
CIM LOGO