
Nach weess een net esou genee, wéi eng Effekter d’Energiepräisser, déi nees duerch de Plaffong ginn, op d’Lëtzebuerger Ekonomie wäerten hunn. Mä si wäerte potentiell net gutt sinn, dat kann d’Fondatioun IDEA – de Think Tank vun der Chambre de Commerce – scho soen.
D’Ekonomisten hunn dës Woch hiren Avis annuel presentéiert. En heescht “Dissonanzen”, an domat ass jo villes gesot.
E puer Gesiichter hate Reefer ënnert den Aen. Bis de leschte Moment hunn d’Ekonomisten un hirer Analys geschafft. Wéinst der internationaler Aktualitéit, virop dem neie Schock bei den Energiepräisser, déi – an do ass et schonn déi éischt Warnung – d’Potenzial hätt, d’Hoffnung an déi Lëtzebuerger Wirtschaft, déi grad nees amgaangen war, e bëssen ze wuessen, am Keim ze erstécken.
De Vincent Hein, Direkter vun IDEA, erkläert: “La différence avec 2022 peut-être, c’est qu’on est entré dans ce choc, dans une situation où l’économie mondiale n’était pas en surchauffe, comme c’était le cas en 2022. En 2022, on était dans un cycle où il y avait déjà des racines inflationnistes liées à la reprise post-pandémique. Là, c’était un petit peu moins le cas.”
Trotzdeem riskéiert een nees an den Däiwelskrees vun der Inflatioun ze geroden. An d’Wirtschaft, déi hat sech IDEA no, no Covid an dem Ufank vum Ukrainkrich, trotz kuerze bessere Phasen, ni richteg erholl: “On a fait sur quatre années en moyenne 0 % de croissance. C’est-à-dire qu’aujourd’hui 2025 le PIB est estimé au même niveau que celui de 2021.”
An dat ass trotzdeem nei an der Geschicht vu Lëtzebuerg. Soss huet de Grand-Duché och a Krisen, ewéi där vun de Banke viru knapps 20 Joer, gutt ofgeschnidden. Zanter 2022 klappt dat net méi, sou de Vincent Hein: “C’est l’inverse. Le Luxembourg sous-performe par rapport à la zone euro.”
De Grond läit op der Hand: “Pour la première fois, la place financière n’a pas joué son rôle habituel de bouée de sauvetage de l’économie luxembourgeoise sur cette période.”
Eng Realitéit, un déi ee sech gewinnen an upasse muss. Natierlech och e Message un d’politesch Decideuren.
Dissonanze fënnt een an deem melodesche Lidd vun de Beatles zwar keng. Mat “Yesterday” sinn awer effektiv d’Resultater vun enger Ëmfro iwwerschriwwen, déi d’Fondatioun bei engen 300 Ekonomisten, Politiker, Sozialpartner a Wëssenschaftler gemaach huet.
Si sinn nëmmen zur Hallschent der Meenung, dass d’Wirtschaft nees urappt a bannent den nächste fënnef Joer eng Croissance vun ëm 3 Prozent erreecht gëtt. De Gros mengt, dass d‘Staatsschold weider klëmmt.
Vill wënsche sech manner Pabeierkrom a méi ëffentlech Investissementer an de Logement, d’Digitaliséierung an d’Kënschtlech Intelligenz. Kuerz, dass d‘Ekonomie nees dréit.
Den Ekonomist Jean-Baptiste Nivet seet: “Beaucoup de résultats sont pessimistes. Dans cette 7ème édition, il pourrait raisonner comme une sorte de mélancolie de l’âge d’or du Luxembourg.”
Déi gutt al Zäiten. Dat kann een trotz e puer positiven Zeechen och beim Aarbechtsmaart soen, gëtt d’Ioana Pop ze bedenken: “On voit la petite cour qui remonte l’an 2025. Il est dans une phase lente et une reprise encore fragile. Alors, pourquoi phase lente ? Parce qu’il y a une légère reprise par rapport à 2024 qui n’a créé que près de 6.000 emplois net et qu’il est toujours loin du niveau égal auprès de 15.000 postes créés par an. dans les années 2018-2019.”
Dräi Véierels vun den neie Poste ginn och net an der klassescher Wirtschaft kreéiert, mä gréisstendeels bei Staat oder Para-Staat. Och den aktuelle Chômagetaux vu 6,3 Prozent ass méi héich ewéi an der EU.
D’Fondatioun IDEA ass der Meenung, dass d’Regierung nieft den Investissementer an d’Defense an an d’KI och déi gréng Transitioun net däerf aus den Ae verléieren. Awer gläichzäiteg missten Hëllefen elo wéinst den Energiepräisser dra sinn.
De Frédéric Meys erkläert: “Elle devrait être donc très ciblée, ce soutien, pour plusieurs raisons. Tout d’abord, une raison budgétaire.”
Politiker sinn, ass den Ament komplex. Dat confirméiert den Avis annuel vun der Fondatioun IDEA. Bierger sinn ass awer och net einfach. Et ass wuel déi nei Lëtzebuerger Realitéit: méi Dissonanzen.