
D'Affer wäre per SMS vun enger philippinnescher Nummer doriwwer informéiert ginn, datt anscheinend eng Strof ze behuele wier. Deen, deen d'Message schéckt, géif sech dobäi als "Grand Ducal Police" ausginn. "Mir géife gären dorop hiweisen, datt esou Noriichten net den Demarche vun der Police entspriechen an datt Protokoller ëmmer per Post verschéckt ginn", heescht et am Policebulletin.
Et gëtt doriwwer eraus vun der Police dorop higewisen, datt och Noriichte vu Lëtzebuergeschen Telefonsnummere mat änleche Fuerderungen net echt wieren. Dat sougenannten "ID-Spoofing géif et méiglech maachen, datt falsch Telefonsnummeren ze gesi sinn, woumat dem Affer virgetäuscht gëtt, datt den Uruff oder d'SMS vun enger Lëtzebuergescher Handysnummer oder enger offizieller Verwaltung ausgeet - wat allerdéngs net de Fall ass.
D'Police weist dorop hin, datt wéi bei all méiglecher Bedruchsmasch déi nämmlecht Handlungsempfeelung gëtt. Esou laang net kloer ass, ob et eng Bedruchsmasch ass oder net, soll ee sech net ënner Drock setze loossen an de vermeintlechen Auteur selwer direkt kontaktéieren. An dësem Fall wier dat d'Police, vun deenen ee Kontaktdaten um Site vu police.lu fënnt.
Et ass vun der richteger Police dann och nach den Opruff, virun allem och eeler Matbierger iwwer déi aktuell Arnaque ze informéieren an opzeklären.