Zeienopruff vun der PoliceOp der Streck tëscht Heischent a Kiemen goufe muttwëlleg Beem beschiedegt

Andy Brücker
Tëscht dem 25. Abrëll an 1. Juni goufen net manner wéi 8 Beem Affer vu Vandalismus.
© Police

Wéi d'Police matdeelt, goufen tëscht dem 25. a 26. Abrëll, grad ewéi dem 19. Mee an 1. Juni um CR308, tëscht den Uertschaften Heischent a Kiemen alles an allem 8 Beem beschiedegt.

Eventuell Zeie solle sech bei der Police Turelbaach mellen, dat via Telefon um (+352) 244 85 1000 oder via E-Mail op police.turelbaach@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO