Jean AsselbornFlüchtlingskanner wärend Corona-Kris op Lëtzebuerg kréien ass komplizéiert

RTL Lëtzebuerg
Een, deen näischt domat ze dinn hätt, kéint sech net virstelle wéi komplizéiert dat ass.

Dat sot de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn um Radiosender Bayern 2.

Rieds goung vun de Kanner, déi Däitschland a Lëtzebuerg aus de Flüchtlingslageren a Griicheland ophuelen. An Zäite vun der Corona-Kris wier dat immens schwiereg. Et géing ee jo keng Sandsäck aus Griicheland mathuelen, esou de Minister, deen och un d'Solidaritéit vun deenen aneren EU-Memberstaaten appelléiert huet.

D'Nächst Woch sollen déi éischt Dose Kanner a Jugendlech aus Griicheland op Lëtzebuerg kommen. Däitschland wëll an enger éischter Phas 50, a méi spéit weider 300 Kanner ophuelen.

All europäescht Land, dat nëmmen e Quäntche Matgefill hätt, sollt elo eng Hand mat upaken

Dat sot de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn dem Spiegel vun e Sonndeg. Rieds geet vum Engagement fir onbegleete Kanner a Jugendlecher aus de Flüchtlingslager a Griicheland opzehuelen. De Lëtzebuerger huet op en Neits un d'EU-Partner appelléiert, dëse Kanner aus dem Misär eraus ze hëllefen. D'Liewenskonditiounen an de Flüchtlingslager wieren dacks katastrophal. Eleng zu Lesbos liewe ronn 20.000 Leit an engem Flüchtlingslager, dat fir maximal 3.000 Leit gebaut gouf.

Wa Lëtzebuerg et géif fäerdeg bréngen, Jugendlecher aus dëse Lager opzehuelen, da kéinten dat och aner EU-Länner, esou de Jean Asselborn. Et wier awer wichteg den EU-Bierger z'erklären, wie géif kommen. Fir all Jugendleche géifen herno eng véier bis fënnef Familljememberen nokommen. Dat wier esou an dat misst een och oppen esou soen.

Nieft Lëtzebuerg huet bis ewell just Däitschland sech bereet erkläert, Jugendlecher aus de Campen op den griicheschen Inselen opzehuelen.

Back to Top
CIM LOGO