Mord um Ana Lopes„Firwat huet een hatt missen dout maachen?“

RTL Lëtzebuerg
Dat waren en Dënschdeg de Moien um Stater Geriicht mat déi lescht Wierder an der Depositioun vun der Mamm vum Ana Lopes.

Dem Ana Lopes säin Ex-Frënd kritt jo wéinst dem Doud, am Januar 2017, vun där jonker Fra de Prozess gemaach, wéinst Mord. D'Mamm huet en Dënschdeg, schwaarz gekleet, zum Deel ënner Tréinen ausgesot.

Prozess Ana Lopes / Reportage Eric Ewald

Ënnert anerem huet si erkläert, datt si, wéi si gesot krut, den Auto vun hirer Duechter wär verbrannt an engem Bësch fonnt ginn, direkt un eng Ausso vum Beschëllegte geduecht hätt. Deen hätt nämlech eng Kéier gesot, dass eng Frëndin vum Ana Lopes emol an en Auto gesat an an engem Bësch géif verbrannt ginn.

An dass hannert der Grenz näischt géif geschéien. Den Dag vun der Dot hätt d'Ana Lopes senger Schwëster eppes aus engem Fastfood solle matbréngen. Wéi d'Schwëster moies sot, d'Ana hätt näischt matbruecht, war d'Mamm an deem seng Kummer kucke gaangen, mä d'Ana war net do. Si hätt sech gesot, dass der Duechter eppes geschitt wär. D'Mamm hat iwwerall nogefrot, ma kee Resultat kritt, an doropshi Plainte bei der Police gemaach. Där hätt si gesot, den Eenzegen, deen d'Ana menacéiert hätt, wär de Papp vum gemeinsame Bouf. D'Relatioun tëscht deenen zwee wär am Ufank normal gewiescht. No enger Zäit wär den Ugekloten awer aggressiv-possessiv ginn. An deem Mooss, dass d'Ana der Mamm sot, dat wär net Léift, mä Kontroll. De Mann hätt hir Duechter bedreet an hir gesot, si sollt hir Frëndinne si loossen. D'Mamm sot, dobäi gewiescht ze sinn, wéi de Mann deklaréiert hätt, et géif eng Kéier schlecht fir d'Ana ausgoen. De Schwéierpapp vum Ana hätt d'Schnauer ee Moment wëlle bei hinnen am Haus hunn, wou de Beschëllegte sech ëm si këmmere kéint. Déi jonk Fra hat dozou bemierkt, dat wär e Prisong.

D'Ana wär och eleng an d'Spidol gaangen, fir de Bouf op d'Welt ze bréngen. Den Ugeklote wär dohi komm, wéi en Déier, mat Roserei an den Aen. Hien hätt d'Kand net wëllen op der Gemeng umellen an et och eréischt ee Joer dono, no engem Vaterschaftstest, unerkannt. Kuerz virun de Faiten hätt de Mann och Undeitunge gemaach, dass geschwënn eppes geschéie géif. Hien hätt vun enger Lektioun geschwat, sou d'Mamm vum Ana Lopes.

Um Enn gouf nach d'Schwéiesch vum Beschëllegte gehéiert. Dass deen eng Kéier gesot hätt, hie géif een engagéieren, fir d'Ana verschwannen ze doen, huet déi Fra domat ofgedoen, dass dat just sou gesot gewiescht wär. „Et geheit awer e speziellt Liicht op een, wann dono genee sou eppes geschitt“, huet d'Presidentin vum Geriicht dozou gemengt.

Dëse Prozess geet e Mëttwoch de Mëtteg virun.

Back to Top
CIM LOGO