
D’Interesse vun de Promoteuren vertrieden, dat ass eent vun den Ziler vun der FDI, der “Fédération des Développeurs immobiliers”, déi rezent gegrënnt gouf. D’Federatioun sicht den Dialog mam Bankwiesen, mam Ordre des architectes an natierlech mat der Politik. Et wier een am Kontakt mat de politesche Parteien, der Chamber an der Regierung.
Si hätten all en oppent Ouer fir d’Promoteuren, mä dat eleng géif net duergoen. De Porte parole vun der FDI, de Steve Vermeer: “Mir kënne soen, den Dialog ass do. Mir hu gutt Gespréicher, reegelméisseg Gespréicher. Si lauschteren och no, mä mir hoffen awer, datt deemnächst eppes kënnt, well d’Waarde bréngt och näischt a mir hunn d’Gefill, datt et ëmmer méi schlëmm gëtt.”
E besonnesch groussen Abroch gouf et bei Haiser oder Appartementer, déi een um Plang keeft, sougenannte VEFAen. An deene leschten dräi Joer goufen all Joer eng 1.600 nei Logementer verkaaft, allerdéngs missten iwwer 5000 Stéck kënne gebaut ginn, fir de Besoinen zu Lëtzebuerg gerecht ze ginn, ënnersträicht d’FDI an hofft, datt d’Vertrauen vum Client zeréck kënnt.
Si huet ausgerechent, datt et all Joers eng ekonomesch Perte vun 1,17 Milliarden Euro gëtt, well 3.000 Wunnenge manner gebaut gi, wéi virun der Kris. Firwat et esou deier ass ze bauen, hänkt awer net just mat de VEFA-Projeten zesummen, esou de Steve Vermeer. Et géife méi Facteure ginn, zum Beispill méi héich Käschten fir Material, Energie, Main-d’oeuvre a Finanzement, ëmmer nei Normen a Reegelen déi all zesummen och d’Käschten erop dreiwen an administrativ Delaien.
Méi Informatiounen fënnt een op www.developpeurs.lu