Logementspräisser klammenFir en Appartement muss een an der Moyenne 1.616 Euro Loyer de Mount bezuelen

RTL Lëtzebuerg
atHome huet e Méindeg déi neiste Statistike vun de Wunnengspräisser verëffentlecht. D'Zuele goufe virun der sanitärer Kris ausgerechent.
© RTL Archivbild

Wien am Fréijoer 2020 wollt en Appartement lounen, huet an der Moyenne missten eng 1.616 Euro pro Mount ausginn. Fir en Haus louch de Loyer bei ronn 2.963 Euro.

Dem Immobilien-Internetportal atHome no wieren d'Präisser iwwert déi lescht 12 Méint gekuckt ëm ronn 6% an d'Luucht gaangen. Eng räsonabel Hausse am Verglach mat Mäerz 2019.

Appartementer mat 2 Schlofkummere ginn am meeschten ugebueden, fir déi een an der Moyenne 1.761 Euro muss ausginn. Wéi atHome präziséiert, géif sech den héije Präis doduerch erklären, well 67% vun deene Wunnengen am Zentrum vum Land a ronderëm d'Stad situéiert sinn.

6.500 Euro de Metercarré fir en Appartement

D'Kafe vun Immobilië bleift och weider eng deier Affär. Den Immobilien-Internetportal schwätzt hei vun enger remarkabeler Hausse vu 15 % an de leschten 12 Méint bei den Appartementer an 9% bei den Haiser.

An der Moyenne si fir en Appartement 559.873 Euro ze bezuelen, fir en Haus sinn et 882.099 Euro.

D'Offer vun Immobilië géing weiderhin net duergoen hei am Land, wat d'Hausse vun de Präisser erkläert.

De Metercarré-Präis fir en eelert Appartement läit am Mäerz 2020 bei enger Moyenne vun 6.596 Euro, bei den Haiser läit de Präis bei 9.528 Euro de Metercarré.

Hausse vun 12 Prozent bei den Neibauten

Och bei nei gebaute Wunnenge geet d'Tendenz vun de Präisser weider no uewen. Effektiv ass et eng Hausse vun 12% an de leschten 12 Méint. Fir haut an eng nei Immobilie z'investéieren, muss een an der Moyenne 650.378 Euro fir en Appartement ausginn.

D'Statistike baséiere sech op d'Präisser vun iwwer 21.300 Annoncen, déi vu Mäerz 2019 bis Mäerz 2020 op www.athome.lu publizéiert goufen.

PDF: Schreiwes vun atHome

Back to Top
CIM LOGO