Klima-, Natur- a LogementspaktFir de Mouveco muss d'Regierung d'Problemer méi konsequent ugoen

RTL Lëtzebuerg
De Staat misst seng Hausaufgabe maachen, fir datt déi dräi Pakte kënnen en Erfolleg ginn, esou de Mouveco.
© Brandon Griggs / Unsplash

Mir begréissen, datt de Staat 3 nei Pakten aféiere wëll, fäerten awer, datt d'Ziler net wäerten areecht ginn. Dat seet d'Presidentin vum Mouvement Ecologique Blanche Weber. Konkret geet et ëm den Klima-, Natur- an Logementspakt, allen 3 Gesetzesprojeten, déi um Instanzewee sinn. An den Ae vun der Ëmweltorganisatioun feelt et momentan nach um richtege Kader.

Avis Mouveco / Reportage Claudia Kollwelter

Et géif net méi duer goen, flott Initiativen ze ergräifen, seet d'Blanche Weber. Am Bezuch op de Klima zum Beispill misst séchergestallt ginn, datt d'Ziler vum Paräisser Klimaofkommes areecht ginn. Momentan géife mat guddem Wëllen Iddie vun de Ministère virgeschloe ginn a Gelder u Gemenge goen, wann déi bereet sinn, matzemaachen. Mä et misst ee méi wäit goen, betount d'Presidentin vum Mouvement Ecologique:

Mir fäerten, datt à ce stade souwuel e Gemenge Schäfferot, wéi d'Servicer an d'Leit ganz schwéier dat alles zesumme stëmme kënnen, souguer wann se héich motivéiert sinn. Mir mengen datt een sech soll zesummesëtzen: Syvicol, Gemengen, déi betraffen Ministèren an sou Leit wéi mir. Fir datt ee ka soen: Ok, wat kann een optiméieren fir datt se et och hikréien.

Den Austausch tëscht den ënnerschiddleche Syndikater, mä och d'Kommunikatioun mam Staat misst verbessert ginn. D'Ëmweltorganisatioun huet do eng kloer Propose:

Datt eng Struktur geschaf gëtt vu nationalem Niveau, wou Beroder sech austauschen, eng gemeinsam Homepage gemaach gëtt, Campagnen zesummen entwéckelt ginn. Fir datt net all Gemeng erëm vu vir muss ufänken.

Wat de Pacte Logement betrëfft, wërft d'Blanche Weber d'Fro op, wéi d'Gouvernance dovu kann ausgesinn. Wéi scho fir d'Nationalwale plädéiert de Mouvement éclogique, weider fir regional Strukturen:

Fir datt d'Gemenge Wunnengsbaugesellschaften kënne maachen, gemeinsam Terrainsentwécklung a virun allem déi kleng Gemengen sinn do iwwerfuerdert. Kuerzfristeg kréie mer déi Strukturen sécher net aus dem Buedem gestampft. A sou fern ass et sécherlech kuerzfristeg de richtege Wee, oder déi eenzeg Léisung, datt de Ministère seet: "Mir ginn eis genuch Leit". Mä da soe mir, da komm mer maachen eng richteg Cellule doraus, déi dat als Haaptfokus huet.

Wann d'Ministèren de politesche Lead iwwerhuelen, ee Strukturen hätt, déi efficace sinn a wou de Staat an d'Gemenge sech begéinen an d'Gemenge selwer renforcéiert ginn, da kéinten déi Pakten an den Ae vum Blanche Weber eng ganz grouss Chance sinn.

PDF: Kuerzfaassung vum Avis

Back to Top
CIM LOGO