Police-BulletinFestname wéinst Déifstall, Gewalt, a Mandat d'Arrêten

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem hat eng Persoun en Affer beklaut a mat engem Messer blesséiert.
© Domingos Oliveira

En Donneschdeg den Owend gouf der Police e Sträit tëscht zwou Persoune virun der Stater Gare gemellt. Éischten Informatiounen no soll e Mann versicht hunn, enger anerer Persoun den Handy an eng Auer ofzehuelen. Dem Affer ass et am Laf vun der Ausernanersetzung gelongen, säin Handy nees zeréckzekréien. Dono soll de presuméierten Täter dëse mat engem Messer um Fanger blesséiert hunn a geflücht sinn. D'Affer gouf op der Plaz medezinesch behandelt a koum dono an d'Spidol.

Kuerz drop konnt dunn de presuméierten Täter net wäit ewech vun der Dot gestallt ginn. Laanscht de Fluchtwee vun der Persoun konnt och en opgeklappte Messer fonnt a séchergestallt ginn.

De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Freideg am Nomëtteg virun d'Untersuchungsriichterin.

Festnam no Kläpperei zu Käerjeng

En Donneschdeg de Mëtteg géint 13 Auer gouf der Police e Sträit am Beräich vun enger Bushaltestell an der Avenue du Luxembourg zu Käerjeng gemellt. Eng Persoun soll eng Mann an d'Gesiicht geschloen hunn a fortgelaf sinn. Kuerz drop konnt een de Verdächtegen an engem Akafszenter stellen.

D'Affer ass duerch de Schlag op de Buedem gefall a sech eng Partie Blessuren zougezunn. De Mann gouf medezinesch op der Plaz versuergt, koum dono an d'Spidol. Am Laf vun den Ermëttlungen huet sech erausgestallt, dass géint de Verdächtegen e Mandat d'Arrêt virlouch. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Freideg de Moie virun d'Untersuchungsriichterin.

Mandat d'Arrêt géint eng Persoun an der Stad

En Donneschdeg dem Owend géint 23:40 Auer ass enger Policepatrull an der Rue du Fort Neipperg bei der Stater Gare eng Persoun opgefall, op déi d'Beschreiwung vun engem gesichte Mann zougetraff ass. Bei der Kontroll vun der Persoun konnt de Verdacht dunn och confirméiert ginn. Géint de Mann louch e Mandat d'Arrêt vir. Hie koum kuerz drop op de Büro vun der Police a gouf dunn op Uerder vum Parquet festgeholl. Och hie koum e Freideg de Moien virun d'Untersuchungsriichterin.

Back to Top
CIM LOGO