Nächst 3 WochenFermeture vu Restauranten, Caféen, Kinoen a Fitnesszenteren

Lynn Cruchten
Eng weider nei Mesure ass, datt een Doheem nëmmen 2 Persounen aus engem Stot dierf empfänken. Och Kanner ginn hei matgezielt.
Pressebriefing Premier a Paulette Lenert
E Méindeg um 14 Auer hunn de Premier an d'Gesondheetsministesch de Point iwwert d'Corona-Situatioun zu Lëtzebuerg gemaach.

Nei Corona-Mesuren / Reportage Eric Ewald

E Méindeg de Mëtteg hunn de Xavier Bettel an d'Paulette Lenert nach emol de Point vun den Neiinfektioune gemaach, déi nach ëmmer ze héich sinn. Et wëll een net pokeren. Deemno ass e Mëttwoch de Vott vum neie Covid-Gesetz an der Plenière. Déi nei Restriktiounen, déi besonnesch den Horesca-Secteur betreffen, sinn deen Ament vun en Donneschdeg un a Kraaft. An 2 bis 3 Woche gëtt d'Situatioun nees evaluéiert, sou de Premier. Och d'Ausgangsspär soll bis Mëtt Dezember verlängert ginn.

Keng vun den Oppositiounsparteie wäert déi nei Restriktiounen an der Lutte géint d'Covid-Pandemie e Mëttwoch matstëmmen.

Situatioun an de Spideeler

Den Taux de positivité läit bei iwwer 5 Prozent, huet d'Gesondheetsministesch confirméiert. Nach wier et an de Spideeler net kritesch, mä och do klammen d'Zuelen. Aktuell sinn 181 Persounen op den Normalstatiounen a 45 op der Intensivstatioun.
D'Gesondheetsministesch huet drun erënnert, dass ee sech en Delai ginn hätt, mä d'Zuelen net genuch no ënne gaange wären, mat iwwer 500 Neiinfektiounen den Dag. D'Spideeler kéimen an d'Phas 4, also déi, an där d'Prise en charge net méi déi nämmlecht wär:

„Mir sinn do an enger Situatioun, wou verschidde Saachen anescht lafen an de Spideeler, wou Verschiddenes muss zréckgesat ginn. Dat ass nach net bedrohlech, à ce stade, mä an der Dauer ass et eppes, wat mer net kënne vertrieden, wat mer net wëllen hunn.“

Nei Mesuren am Iwwerbléck

Restauranten a Caféë mussen also vun en Donneschdeg un nees hir Dieren zoumaachen. Iwwerdeems sollen d'Geschäfter opbleiwen, sollen awer net als "Ausflich" benotzt ginn, sou nach emol de klore Rappell. Dogéint musse Fitnesszenteren, Kinoen an och Indoor-Spillplazen zoumaachen. An de Schoulen ass Sport weiderhin erlaabt. Den Elite-Sport kann och weiderhi bedriwwe ginn, all d'Sportkompetitioune sinn iwwerdeems ofgesot.

An Zukunft däerf ee just nach 2 Leit aus engem anere Stot bei sech Doheem empfänken. Och d'Kanner ginn hei matgezielt.

Wärend dem Pressebriefing gouf dunn och nach emol drun erënnert, dass de Mask am ëffentleche Raum iwwerall obligatoresch ass, wou een den 2-Meter-Ofstand net anhale kann. Als Beispill huet de Xavier Bettel d'Groussgaass genannt.

Fermeture vu Restauranten, Caféen, Kinoen a Fitnesszenteren
Eng weider nei Mesure ass, datt een Doheem nëmmen 2 Persounen aus engem Stot dierf empfänken. Och Kanner ginn hei matgezielt.

Mëtt Dezember erwaart ee sech éischt Vaccin-Liwwerung

A puncto Corona-Impfung huet de Premier betount, dass dës en Deel vum Deconfinement wier, fir nees méi Normalitéit zeréckzekréien. Bréissel hätt der Regierung confirméiert, dass Mëtt Dezember déi éischt Vaccine kéinte geliwwert ginn. Et kéinten eng 45.000 Dose sinn, woubäi zum Deel méi wéi eng Dosis misst geimpft ginn. Déi éischt Liwwerung kéint deemno fir ronn 23.000 Persounen duergoen. Dat wier awer alles nach net definitiv gewosst. Deemno missten elo Prioritéiten ausgeschafft ginn, wien als éischt geimpft soll ginn.

A Saache Vaccin hat d'Paulette Lenert lescht Woch preziséiert, datt verschidde Persoune prioritär wieren. Dat wieren eng 17.000 Leit an de Gesondheetsberuffer, 90.000 Persounen, déi méi wéi 65 Joer al sinn, a geschaten 132.000 vulnerabel Residenten.

Aktivitéiten erofschrauwen

"Et ass elo de Moment, d'Handbrems ze zéien, fir Sputt ze kréien", sou nach de Premier Xavier Bettel e Méindeg de Mëtteg. Dem Staatsminister no hätt ee kee komplette Lockdown misse maachen, well een an de leschte Woche Recommandatiounen erausginn hätt an een doduerch schonn ee Plateau, respektiv eng liicht Baisse bei den Infektiounszuelen erreecht hätt. Et géif elo gëllen, e bësse Fräiheet opzeginn, fir nom 15. Dezember nees méi Fräiheet ze hunn.

D'Ministesch Paulette Lenert huet vun enger ugespaanter Situatioun geschwat, déi een net op Dauer hale kéint, well et soss ingérabel fir d'Gesellschaft géif ginn. De Moment géif et eng ganz grouss Schrauf bei sech selwer ginn. Et wären nach weider Efforten ze maachen, och wann een es midd wär, an et sollt ee just dat maachen, wat wierklech misst sinn.

Reaktiounen no der Lockdown-Annonce

"Mir maachen net méi zou", sot nach Enn Mee den Horesca-President bei eis op der Antenn. Wéi um Méindeg offiziell ugekënnegt gouf, kënnt et awer anescht. De Mëttwoch ass de Vott an der Plenière, esou dass Kinoen, Fitnesszenteren, Caféen a Restauranten vun en Donneschdeg u fir 3 Wochen zou sinn.

Wéi geet een am Horesca-Secteur domat ëm a wéi gëtt sech bis dohinner organiséiert? Mir waren um Méindeg den Owend live an der Stad a hu mat engem Restaurateur an Clienten iwwert den neien Lockdown geschwat.

Reaktiounen no der Lockdown-Annonce
Mir waren um Méindeg den Owend live an der Stad a hu mat engem Restaurateur an Clienten iwwert den neien Lockdown geschwat.

Back to Top
CIM LOGO