Aus dem PolicebulletinFënster vum Auto ageschloen a Saachen draus geklaut

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt nees zwee Fäll, wou an en Auto agebrach gouf, fir Saachen dorausser ze klauen.
© René Pfeiffer

Et schéngt eng Method ze sinn, déi aktuell am Trend ass. Eréischt ganz rezent hat sech eng Persoun bei RTL gemellt, well am Pafendall an der Stad d’Fënstere vu méi Autoen ageschloe goufen, fir Saachen aus de Gefierer ze klauen.

En änlecht Virgoe gouf et dann en Donneschdeg zu Beggen an zu Esch. Wärend an der Minettmetropole eng Posch aus dem Auto geklaut gouf, war zu Beggen e Camper opgebrach ginn. Dëse gouf duerchwullt an den oder déi Onéierlech hunn hei Boergeld an e Raséierapparat matgeholl.

Da mellt d’Police nach en Abroch an der Rue de la Paix an der Stad. Hei haten éischten Informatiounen no zwee Täter d’Fënster vun engem Haus ageschloen, fir hei anzedréngen. Si konnten d’Haus zwar duerchwullen, ma eng Patrull vun der Police, déi alarméiert gouf, war séier op der Plaz a konnt déi zwee Verdächteg stellen. Si goufen op Uerder vum Parquet verhaft an haten e Freideg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO