GaasperechFéiwer moossen, fir an de Buttek ze kommen

RTL Lëtzebuerg
An engem Geschäft zu Gaasperech soll d'Féiwer un Hand vun Infrarout-Kamerae gemooss ginn. Da kritt ee vum System gesot, ob een akafen dierf goen, oder net.

Vun 38,5 Grad Celsius u schléit de System Alarm an d'Securitéit gëtt alarméiert. Fir déi betraffe Persoun bedeit dat dann och, datt si net an de Buttek eran dierf, esou d'Erklärung vum Rui Fernandes.

Corona-Test a Buttek zu Gaasperech
Mat enger Infrarout-Kamera kritt een d'Kierpertemperatur gemooss, éier een an d'Geschäft eran dierf.

Back to Top
CIM LOGO