Wéi et vun der Police heescht, hätt et baussen um Site gebrannt, et soll sech RTL-Informatiounen no ëm Solarpannoe gehandelt hunn. Och d'Gemeng selwer hat de Brand e Samschdeg Nomëtteg confirméiert. An engem Facebook-Post huet et geheescht, d'Situatioun wier "mëttlerweil ënner Kontroll".
D'Feier ass antëscht aus, et gouf kee blesséiert, sou de Commandant des Opérations de Secours (COS), de Georges Comes, deen op der Plaz den Asaz geleet huet.
"Mir si géint eng Auer alarméiert ginn. Do krute mer gemellt, dass et zu enger staarker Dampentwécklung hei um Site vun där Industrie-Firma géif kommen, an dass och scho Flamen aus dem Daach géife schloen. Éischt Kräften op der Plaz, déi konnten dat och confirméieren. Déi hu sech direkt den Zougang zum Gebai verschaaft, plus mam Teleskopmast iwwert den Daach gekuckt, wat do genau géif brennen. Do hu se festgestallt, dass do Solarpannoen drop leien an dat waren och déi, déi gebrannt hunn. Déi hu mer ausgemaach an duerno hu mer och festgestallt, et ass näischt duergeschloen an d'Hal, soudass mer dat relativ séier ënner Kontroll haten a lo nach op der Plaz sinn, fir ze kucken, dass dat net weidergeet oder net nach iergendwou eng aner Propagatioun ënnert dem Daach vun de Flamen ass."
Och gëtt confirméiert, datt d'Awunner aus der Stengeforter Gemeng eng Warn-SMS iwwer LU-Alert kruten. Dëst gouf "preventiv" gemaach, krute mir géigeniwwer dem Georges Comes vun der Plaz confirméiert.
Weider heescht et, dass d'Personal aus der Firma zu deem Moment am Congé war, respektiv ass. Eng 40 Persoune vun de verschiddenen CISen waren e Samschdeg de Mëtteg op der Plaz zu Stengefort. Ënnert anerem waren och Dronen am Asaz, krute mer vum Asaz-Leeder op der Plaz confirméiert.

An dëser Noriicht goufen d'Residenten opgefuerdert, Dieren a Fënsteren zouzeloossen, de concernéierte Beräich z'evitéieren an d'Weeër fir d'Rettungsgefierer fräizehalen.
