UewersyrenFeier an engem Eefamilljenhaus, eng Persoun koum an d'Spidol

RTL Lëtzebuerg
Wéi e CGDIS mellt, koum et e Sonndeg de Moie kuerz virun 11 Auer zu engem Feier an engem Eefamilljenhaus zu Uewersyren.
© CGDIS / Facebook

Op der Plaz hunn d'Pompjeeë festgestallt, dass den zweete Stack vun Haus komplett ënner Damp stoung. Eng Matrass war a Brand geroden an d'Feier hat sech ausgebreet. Duerch de séieren Asaz vun de Pompjeeë konnt en Iwwergräife vun de Flamen op den Daach verhënnert ginn. Eng Persoun koum mat Verdacht op eng Dampvergëftung fir eng Kontroll an d'Spidol. De CGDIS mellt 1 Blesséierten.

Weider steet am Bulletin vum CGDIS ze liesen, dass sech zu Béiweng an der Rue de Kockelscheuer 2 Gefierer ze pake kruten. Hei ass de Bilan 2 Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO