No Feier an Appartement zu Bartreng50 Awunner goufe relogéiert a kënne bis op Weideres nach net zeréck

RTL Lëtzebuerg
Nom Feier an engem Appartement an der Nuecht op en Dënschdeg zu Bartreng kuckt d'Gemeng deene Familljen, déi net zeréck kënnen, Hotelszëmmeren z'organiséieren.
Blesséierter waren net ze bekloen.
© CGDIS

Kuerz virun 1 Auer an der Nuecht op en Dënschdeg krut den 112 e Brand an der Rue de Luxembourg zu Bartreng gemellt. Hei koum et an engem Appartement zu engem Feier. Wéi et am Bulletin vum CGDIS heescht, wier dobäi keng Persoun zu Schued komm.

D'Ekippen aus der Stad, vu Bartreng, Mamer, Dippech an Hesper esou wéi de Stater SAMU waren hei am Asaz.

Eng RTL.lu-Userin huet eis déi heite privat Biller geschéckt:

D'Leit aus dem betraffene Gebai kënnen nom Feier nach net zréck an hir Wunnengen.

D'Gebai besteet aus dräi Bléck mat jee engem eegenen Agang. All d'Bewunner aus dem rietse Block hunn hir Wunnengen an der Nuecht misse verloossen. Betraff sinn eng 50 Persounen, woubäi verschidde Residenten den Ament nach an der Vakanz sinn. En Deel vun den Evakuéierte koum bei Frënn oder Noperen ënner.

Wéi de Bartrenger Buergermeeschter Youri De Smet op Nofro vun RTL confirméiert huet, goufen eng 20 Persounen am Centre Atert ënnerbruecht. Si sinn och en Dënschdeg de Moien nach do. Bis viraussiichtlech 15 oder 16 Auer kënnen déi Concernéiert net zeréck an hir Appartementer. D'Pompjeeën an d'Police technique sinn nach am Gebai, fir d'Plaz z'ënnersichen an d'Spueren ze sécheren.
Dem Buergermeeschter no sinn d'Wunnengen ënnerschiddlech staark duerch Damp a Läschwaasser betraff. D'Gemeng wäert en Dënschdeg am Nomëtteg kucken, wéi eng Appartementer nees kënne bewunnt ginn. Fir d'Familljen, déi dës Nuecht nach net kënnen zeréck an hir Wunneng, wëllt d'Gemeng Hotelzëmmeren organiséieren.

De Youri De Smet war mat Mataarbechter vun der Gemeng bis géint 6 Auer de Moien op der Plaz.

Den éischten Erkenntnisser no ass d'Feier um 7. Stack ausgebrach. Et gesäit den Ament dono aus, datt d'Flamen sech iwwer d'Balconen op déi ënnescht Stäck ausgebreet hunn. D'Plexiglas vun de Balconsgelänneren ass duerch d'Hëtzt geschmolt an no ënne gefall.

No Brand an Appartement zu Bartreng
All Bewunner aus dem rietse Deel vum Wunnblock goufen an der Nuecht evakuéiert a kënne och den Dag dono nach net zeréck.

De CGDIS hat a sengem Bulletin donieft weider Bränn an e puer Accidenter gemellt.

Kuerz no 21 Auer waren zu Iechternach d'Ekippen am Asaz, well e Bam gebrannt huet. E Vegetatiounsbrand hunn d'Ekippe vun Duelem a Fréiseng dann tëscht Fëlschdref an Uespelt misste läschen. En Auto geläscht gouf dann tëscht Biissen a Pëtten kuerz virun 19 Auer. D'Ekippe vu Miersch, Biissen a Colmer waren hei op der Plaz, eng Persoun gouf verwonnt.

Um Boulevard Joseph II an der Stad gouf et Accident mat zwee Gefierer, hei blouf et awer beim Materialschued. Den Asazzenter aus der Stad war erausgeschéckt ginn. Ee Blesséierte gouf et, wéi beim Hareler Poteau e Motocyclist gefall war. D'Ambulanz vu Wolz an d'Pompjeeë vum Lac-de-la-Haute-Sûre waren op der Plaz. E weidere Blesséierten dann zu Dippech, wéi en Auto an e Motorrad net laanschtenee koumen. D'Ekipp vu Suessem-Déifferdeng hat déi lokal Kolleegen ënnerstëtzt.

Back to Top
CIM LOGO