PolicebulletinFamilljesträit zu Zolwer, presuméierten Drogendealer an der Stad gepëtzt an 3 Beamte bei Festnam blesséiert

RTL Lëtzebuerg
An hirem Bulletin mellt d'Police Festnamen no enger Rei Virfäll am Laf vun e Mëttwoch.
© Laurent Weber

Am Moie gouf der Police en Abroch an e Lokal zu Bouneweg gemellt, bei deem zwee Täter eng Fënster futtigeschloen an doduerch erakomm sinn. Eng Rei Géigestänn a Boergeld goufe geklaut. D’Police konnt ee vun de Verdächtegen am Kader vun enger Enquête stellen. Hien huet sech bei der Festnam onkooperativ verhalen an huet dräi Beamte blesséiert. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Owes dann en Asaz an der Rue de la Fonderie am Garer Quartier: Eng Persoun gouf gemellt, déi eppes hannert enger Ofspärung verstoppt hat. Eng Patrull vun der Police koum op d’Plaz an huet Drogebullen op der Plaz sécherstellen. De presuméierten Dealer, deen d’Drogen do ofgestallt huet, konnt kuerz drop gepëtzt a festgeholl ginn. Hie koum en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Dee selwechten Owend war dunn e Familljesträit zu Zolwer eskaléiert: Wéi et vun der Police heescht, wier et hei zu enger Ausenanersetzung tëscht engem Papp a sengem Fils komm, woubäi de Fils sengem Papp géigeniwwer handgräiflech ginn ass an och Mordmenacen ausgeschwat huet. De Papp koum fir eng Kontroll an d’Spidol. De Fils gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a kënnt virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO