Et heescht oppassenFalsch LuxTrust- an CMCM-Messagen am Ëmlaf

Andy Brücker
Et ginn nees eng Partie Phishing-Versich zu Lëtzebuerg.
© Pixabay

Mir goufen op eng nei Phishing-Method opmierksam gemaach, déi wuel a leschter Zäit den Tour am Grand-Duché mécht.

Hei kréien d’Leit zum Beispill eng SMS geschéckt, wou se gewarnt ginn, dass et eng suspekt Connectioun op hire LuxTrust-Account gouf. Et gëtt een opgeruff op e Link ze drécken, oder eng Telefonsnummer unzeruffen.

User, déi sou e Message kritt hunn, sollen esou séier wéi méiglech de Service client vu LuxTrust (+352) 24 550 550 kontaktéieren, grad ewéi d’Police.

Hei gesitt Dir ee Beispill vun enger Phishing-SMS.

© Screenshot

LuxTrust huet dann och op hirem Internetsite

Attention aux messages et appels frauduleux imitant LuxTrust

Des tentatives de phishing par téléphone, SMS ou par e-mail sont actuellement en cours. Veuillez ne jamais divulguer vos codes ou vos identifiants LuxTrust. LuxTrust ne vous demandera jamais de telles informations. En cas de doute, veuillez nous contacter au +352 24 550 550 ou à questions@luxtrust.lu.

Vorsicht vor betrügerischen Nachrichten und Anrufen, die LuxTrust nachahmen

Derzeit werden Phishing-Versuche per Telefon, SMS oder E-Mail durchgeführt. Bitte geben Sie Ihre LuxTrust-Codes oder -Kennungen nicht an Dritte weiter. LuxTrust wird Sie niemals nach solchen Informationen fragen. Im Zweifelsfall, kontaktieren Sie uns bitte unter +352 24 550 550 oder unter questions@luxtrust.lu.

Beware of fraudulent messages and calls imitating LuxTrust

Some phishing attempts via telephone, SMS or email are currently ongoing. Please do not disclose your LuxTrust codes or credentials to anyone. LuxTrust will never ask you such information. When in doubt, please contact us at +352 24 550 550 or at questions@luxtrust.lu.

Och falsch CMCM-Messagë kommen iwwer SMS

Wéi hei ënnen am Bild ze gesinn, geet an der SMS vun enger neier Memberskaart fir d’CMCM rieds, déi een iwwer een dubiéise Link bestelle kann. Fanger ewech!

Och hei solle User léiwer d’CMCM selwer esou séier wéi méiglech kontaktéieren, grad ewéi d’Police.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO