
D'Foto, déi dofir benotzt gëtt, ass e Screenshot vun enger vun eise Presentatricen aus dem Journal. Op Facebook gëtt een op eng dubios Websäit weidergeleet, op där en RTL-Interview resuméiert gëtt, deen et allerdéngs guer net gouf. Et gouf sech net am Kader vun der Emissioun "Face-à-Face" mam André Jung iwwert Investitiounsméiglechkeeten ënnerhalen.

RTL huet weder eppes mat dëser Websäit, nach eppes mat dësem falschen Artikel ze dinn. Dëst ass e Fake, deemno heescht et: Oppassen!