Lutte géint KanneraarbechtFairtrade-President: "Elo mussen Neel mat Käpp gemaach ginn"

Monica Camposeo
Dat seet de Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg, virun allem wat d'Lutte géint d'Kanneraarbecht ubelaangt.
De Jean-Louis Zeien
"Elo musse Neel mat Käpp gemaach ginn", esou de Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg.

Wat Kanneraarbecht ugeet, wier nämlech an de leschten 20 Joer vill versprach ginn, mee déi betraffe Kanner hunn dovunner net vill gehat.

Eleng an der Kakaosindustrie schaffen am Ghana an an der Côte d'Ivoire 1,5 Millioune Kanner. De Problem läit am System, esou de Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg. D’Responsabilitéit gëtt nämlech op déi kleng Baueren a Produzenten ofgewälzt.

Vill méi sollen déi grouss Firmen an d'Verantwortung gezu ginn. Virun 20 Joer huet sech d'Schockelas-Industrie mam Harkin-Engel-Protokoll zwar dorop gëeenegt géint Kanneraarbecht virzegoen, ma dat awer nëmmen op fräiwëlleger Basis. Zu engem Gesetz ass et deemools, wéi vill iwwer d'Problematik diskutéiert gouf, net komm. Dobäi wieren d'Firmen duerchaus an der Lag, hir Produzenten besser ze remuneréieren, wann ee sech de Gewënn vu verschiddene Schockelas-Firmen ukuckt oder wat d’Aktionären ausbezuelt kréien.

Duerch d'Fräiwëllegkeet wier an de leschten zwee Joerzéngten also just Zäit verluer ginn, esou de Jean-Louis Zeien. Dowéinst fuerdert Fairtrade Lëtzebuerg endlech e Liwwerkettegesetz. Domadder géing et dann och eng kloer Kontrollméiglechkeet ginn an d’Firmae missten och iwwerpréiwen, wou an hirer Liwwerketten eventuell Mënscherechter verletzt ginn.

Et wier och elo net méi ze verantworten, dass Kanner net kënnen an d'Schoul goen, well si op Kakaosplantage musse schaffen. An der Côte d'Ivoire zum Beispill gëtt et eng Schoulpflicht, déi awer dacks net respektéiert gëtt, wéi d'Anne Marie Yao vu Fairtrade Afrika op der Pressekonferenz bedauert huet. D'Kanner sollen an der Schoul schaffen an net op de Plantagen.

Fir dass sech bei der Kanneraarbecht dann och eppes ännert, appelléiert de Jean-Louis Zeien och un déi Lëtzebuerger Regierung. Mënscherechter a Business dierfen nämlech net méi zwee puer Schong sinn, mee Hand an Hand goen.

Wann ee nach op d’Europäesch Unioun waart, dauert et ze laang. Et ass elo un der Zäit, dass Lëtzebuerg sech e nationaalt Gesetz gëtt, fuerdert de President vu Fairtrade Lëtzebuerg. Virun allem elo an der Ouschterzäit, wou gären Schockelas-Eeër an -Huesen verschenkt ginn, wier et dach flott ze wëssen, wat wierklech am Produit drastécht.

Back to Top
CIM LOGO