
D’Stolwierk zu Diddeleng géing dann nämlech och an d’Mass vun der Faillite vun der Liquidatioun falen, wat dramatesch wier. No Léisungen, fir eng Faillite ze verhënneren, gëtt den Ament awer nach gesicht.
Dass Arcelor Mittal d’Wierk vun Diddeleng zeréckkeeft, ass eng Iwwerleeung, mee ganz schwéier ëmzesetzen. Dat well d’Wierk deemools wéinst europäeschem Konkurrenzrecht huet misse verkaaft ginn. Well d’Oplage vu Bréissel en immens komplexen, juristeschen Dossier mat sech zéien, kéint een den Ament op dës Fro nach net definitiv äntweren, esou den Franz Fayot. Déi Léisung géing zwar jidderengem gefalen, mee et misst gepréift ginn, ob dat iwwerhaapt méiglech ass.
Eng Nationaliséierung vum Stolwierk zu Diddeleng wier eng weider Mesure, déi dem Wirtschaftsminister "net onsympathesch wier", déi awer à ce stade net envisagéiert gëtt. Wat par Konter méiglech ass, ass, dass d’SNCI als staatlech Investitiounsbank strategesch Participatiounen hëlt. Dat wier zum Beispill och bei Banke gemaach gi wärend der Finanzkris. D’Regierung géing sech dëser Mesure och net verschléissen.