
E Blesséierte gouf et awer kuerz no 21 Auer, wéi en Auto zu Bartreng an e Bam geknuppt ass. De Samu, grad ewéi d'Ambulanz vu Mamer an d'Pompjeeë vu Bartreng-Strossen an aus der Stad waren op den Accident geruff ginn, datt well de Chauffer, deen eleng am Auto war, a sengem Gefier ageklemmt an uerg blesséiert gouf. De Miess- an Erkennungsdéngscht gouf vum Parquet mat der Enquête befaasst.
An der Rue de l'Europe zu Réimech gouf eng Fra, déi mat hirem Elektro-Rollstull ënnerwee war, vun engem Camion ugestouss, wéi de Camionneur op den Terrain vun enger Bensinsstatioun wollt fueren. D'Fra gouf beim Impakt zwar net blesséiert, ma de Rollstull, dee sech e puer mol gedréint huet, gouf beschiedegt. De Chauffer vum Camion huet sech dorops duerch d'Bascht gemaach, ouni nom Affer ze kucken. D'Police ermëttelt.
Eng Cyclistin an der Rue Henri Koch zu Esch gouf géint 16.40 Auer vum Spigel vun engem Auto erwëscht, deen däitlech ze no laanscht d'Fra gefuer ass. De Chauffer vum klenge wäissen Auto blouf dorops kuerz stoen, ass awer dono séier weidergefuer, ouni sech ëm déi blesséiert Fra ze këmmeren. Si koum mat enger Blessur un der Schëller an d'Spidol, Ermëttlunge lafen. De CGDIS mellt dann och nach een Accident mat zwee Blesséierter an der Cité Dr. Nicolas Schaeftgen. Hei hate sech zwee Ween ze pake kritt.
Well e Chauffer ze vill gedronk hat, krut dëse säi Permis e Mëttwoch den Owend géint 21.20 Auer an der Route de Longwy an der Stad ofgeholl. Virdrun hat de Mann mat sengem Won awer nach dräi Autoe beschiedegt, déi laanscht d'Säit vun der Strooss ofgestallt waren.
Um Donneschdeg de Moie kuerz no 8 Auer krut e Gefier e Bam um CR335 tëscht Wäiswampech a Beiler ze paken. Wéi de CGDIS schreift, gouf hei eng Persoun blesséiert. D'Rettungsdéngschter vu Wäiswampech an Ëlwen waren op der Plaz.l
Weider mellt de CGDIS nach zwee Bränn. Zu Miedernach hat géint 18 Auer e Kamäin gebrannt. D'Pompjeeë vu Miedernach, Iermsdref, Konsdref an aus der Fiels waren op der Plaz. Tëscht Réimech an Elleng-Gare stoung en Auto a Flamen, dat géint 18.30 Auer. Hei waren d'Pompjeeë vu Réimech geruff ginn, fir d'Feier ze läschen. A béide Fäll ass et beim Materialschued bliwwen.
Am spéiden Donneschdeg Nomëtteg huet de CGDIS dann nach weider Tëschefäll gemellt. Op der A13 Richtung Péiteng op der Héicht vun der Sortie Keel-Schëffleng hat en Auto gebrannt, hei blouf et beim Materialschued. Zu Käerjeng an der Lëtzebuerger Strooss hate sech zwee Ween ze pake kritt, hei gouf eng Persoun blesséiert. Och blesséiert gouf en Automobilist, deen tëscht der Fiels a dem Camping "Op Kengert" um CR119 mat sengem Auto an e Bam gerannt war.