
Hei ersetzt den 30 Joer ale Fabricio Costa d’Linda Gaasch, déi 5. Gewielt bei de Walen 2023 war. De Fabricio Costa war deemools de 7. Gewielte knapp hannert der Liudumila Candé.
E Méindeg am Nomëtteg gouf de grénge Politiker vun der Stater Buergermeeschtesch als neie Stater Conseiller vereedegt. D’Linda Gaasch war zanter 2019 am Stater Conseil vertrueden an huet perséinlech Grënn fir “eng Paus an der éischter politescher Rei” ugefouert.
De Fabricio Costa schafft als Attaché fir déi gréng Fraktioun a war virun 2 Joer an den Europa-Walen nieft dem Tilly Metz Co-Spëtzekandidat.