Schiedlech Software op CTIE-GeräterExternen Acteur koum u perséinlech Informatioune vu Leit

RTL Lëtzebuerg
Obwuel verschidden Date duerchgesickert sinn, präziséiert den Haut-Commissariat à la Protection Nationale, datt keng Informatioune vu Bierger geklaut goufen.
© RTL

Virun enger décker Woch war bei mobile Geräter, déi vum staatleche CTIE geréiert ginn, eng schiedlech Software entdeckt ginn. Elo nennt den Haut-Commissariat à la Protection Nationale Detailer, nodeems en Donneschdeg eng Krisecellule wéinst dësem Virfall beienee war.

An zwar ass en externen Acteur un eng Rëtsch perséinlech Informatioune vun de Leit komm, déi d’Apparater benotzen. Rieds geet vun Nimm, Telefonsnummeren a Mailadressen. Informatiounen iwwer Bierger wieren awer keng geklaut ginn. Weider heescht et, datt eng Rei Mesuren en Place gesat gi sinn an datt déi technesch Analyse weider ginn.

D’Schreiwes vum Ministère de la Digitalisation / Haut-Commissariat à la protection nationale

Back to Top
CIM LOGO