Villa LouvignyExklusiven Abléck an d'Kommandozentral vum nationale Corona-Krisenzentrum

Serge Pauly
Masken, Medikamenter, Beootmungsmaschinnen… Och Lëtzebuerg fëllt am Moment seng Stocken.
Exklusive Bléck an d'Villa Louvigny
An der Villa Louvigny ass aktuell d'Kommandozentral vum nationale Corona-Krisenzentrum.

Do hannendru stécht eng enorm Logistik. An der Villa Louvigny lafen all d’Fiedem zesummen, do gëtt weltwäit akaaft, den Transport organiséiert an d’Distributioun geréiert. RTL konnt en exklusive Bléck an d’Kommandozentral vun der nationaler Corona-Logistik geheien.

Am Auditoire vun der Villa Louvigny, do wou an de 60er Joren zweemol de Grand-Prix Eurovision de la Chanson organiséiert gouf, steet en improviséierte Groussraumbüro. Mëtt Mäerz huet sech de Logistik-Aarbechtsgrupp vum nationale Corona-Krisenzentrum installéiert. Dat waren um Ufank 5 Leit, mëttlerweil schaffen hei iwwer 40 Leit. Dat si Mataarbechter vu Ministèren, der Arméi a spezialiséierte Firmen. Si sëtzen zesummen an engem Raum, fir dass d’Weeër an dëser Krisesituatioun kuerz sinn. Ënnerstëtzt gi si vu Benevollen, wéi dem Camille Gross. Hie war fréier Chef vun der Apdikt vun de Robert-Schuman-Spideeler. Trotz Pensioun schafft hien elo erëm Vollzäit a këmmert sech am Krisenteam ëm den Akaf vun de Medikamenter. Och d'Yoon-Shin Delcourt huet sech fräiwëlleg gemellt. Si schafft eigentlech als selbststänneg Beroderin a kënnt aus Korea. Korea ass nieft China zu engem wichtege Marché ginn. An och wann d'Uspriechpartner an Asien eigentlech Englesch schwätzen, lafe verschidde Verhandlunge méi souple, wann een déi richteg Sprooch schwätzt. Dofir huet d’Krisenteam sech mat dräi asiatesche Benevolle verstäerkt.

Um Weltmarché fir medezinesch Apparater a Produiten herrscht am Moment Krich. D'Präisser explodéieren, Spillreegele ginn nei definéiert, Brigange probéiere vun der Situatioun ze profitéieren. Wien do net op Zack ass, kritt nëmmen den zweete Präis. Déi Erfarung hu se och missten an der Villa Louvigny maachen. De Gilles Feith, als Coordinateur Général de la Défense zoustänneg fir déi national Logistik, erzielt eis, dass beispillsweis de Kaf vu Beootmungsmaschinne geplatzt ass, well de Virement ze laang gedauert huet an en anere Client d’Sue cash op den Dësch geluecht huet.

D'Logistik-Krisenteam an der Villa Louvigny huet mëttlerweil eng gewësse Routine, fir déi deeglech Erausfuerderungen ze léisen. De Luc Feller ass ganz zefridde mat der Aarbecht, déi hei geleescht gëtt. Hien ass Haut-Commissaire à la Protection Nationale an huet schonn d'Héichwaasser am Mëllerdall oder den Tornado am Süde vum Land geréiert. Dat wier awer net mat der ablécklecher Situatioun ze vergläichen:

"Dat war och ganz  intensiv, mä et waren ëmmer nëmmen e puer Deeg. Dat heiten ass eng ganz aner Envergure, et sinn all Dag lauter Problemer ze léisen a mir wësse guer net wéi laang dat hei nach dauert."

Back to Top
CIM LOGO