
Den Etat de Crise gëtt der Regierung d’Méiglechkeet, fir per Reglement d'Decisiounen ze huelen, déi och géint bestoend Gesetzer kënne goen. Fir 10 Deeg, duerno fir maximal 3 Méint, wann et vun der Chamber verlängert gëtt, kann d‘Regierung d'Decisiounen huelen, wou se normalerweis misst e Gesetz maachen, wat vun der Chamber gestëmmt gëtt. Dat ganzt erlaabt et méi séier ze handelen. Laut Verfassung mussen all Mesurë wärend dem Etat de Crise awer och konform si mat der Verfassung an internationalen Traitéen a se musse par Rapport zum Objektiv „néideg, adequat a proprortionnéiert“ sinn. Bannent den éischten 10 Deeg géing et „wéineg Méiglechkeete“ ginn, fir datt d’Chamber Mesuren am Etat de Crise kéint a Fro stellen, sou den Affekot Fränk Wies am RTL-Interview. Allerdéngs kéint d’Chamber dann no 10 Deeg decidéieren, den Etat de crise net ze verlängeren an dann hunn dem Fränk Wies no déi Mesuren keen Impakt méi. Den Affekot betount och: „mir bleiwen am Rechtsstaat, d’Geriichter iwwerpréiwen ob d’Gesetzer richteg applizéiert ginn“. Bannent den éischten 10 Deeg kéint een d’Mesurë viru Geriicht ufechten.
De Fränk Wies ass och der Meenung, datt den Etat de Crise haaptsächlech wéinst de wirtschaftleche Konsequenzen ausgeruff gouf, déi séier Mesuren erfuerderen. Déi sanitär Mesuren, dorënner d’Aschränke vun der Beweegungsfräiheet, déi ginn opgrond vum Gesetz vun 1885 geholl. Duerch den Etat de Crise kréichen déi Mesuren awer eng méi zolidd Basis ginn. De Fränk Wies rechent elo net mat „spektakulär Neies“.
Den ofgeännerten Artikel 32 an de Verfassung fannt Dir ënnert dem Link.
