
D'Feier ass der Police no e Mëttwoch am spéiden Nomëtteg ausgebrach. An deem Kader war d'L1 tëscht Bollenduerf an Iechternacherbréck ganz gespaart. D'Awunner goufen iwwer de System MoWaS iwwer méiglech Geforen informéiert.
Spéit owes konnten d’Spärungen no de Läschaarbechten nees opgehuewe ginn.
No aktuellem Stand goufen zwou Persounen duerch ageotemte Damp liicht blesséiert. D’Autoritéite kontrolléieren elo och, ob Läschschaum an d'Sauer geroden ass an ob dat Auswierkungen op d’Waasserqualitéit huet. D’Ursaach vum Brand ass nach net gekläert an d’Ermëttlunge lafen weider.
Wéi de Spriecher vum CGDIS, de Cédric Gantzer, op Nofro hi confirméiert hat, war och ee Läschwon vu Bäerdref als Lëtzebuerger Renfort iwwer d'Grenz geschéckt ginn.