
Opgrond vun enger Question parlementaire vum Weekend hat de President Emile Eicher deen extrae Punkt op den Ordre du jour bäigesat.
"Wat eis immens beonrouegt, dat ass, dass elo wärend sengem Congé politique e vollberuffleche Kolleeg, Buergermeeschter vun eis entlooss ginn ass. Eng Saach, déi ech mer net hätt kënne virstellen, dass dat iwwerhaapt méiglech ass. Mä no juristescher Nofro hu mer dann eppes festgestallt, wou mir eis selwer ni Gedanke gemaach hunn, nämlech ëm eisen eegene Statut, de Statut vum Élu, an deem Fall hei vun dem Élu communal, an a wéi wäit dass mir iwwerhaapt e Statut hunn. Festgestallt, dass mer en net hunn."
Et handelt sech dobäi ëm de Laurent Zeimet, Buergermeeschter vu Beetebuerg, dee bei St. Paul entlooss gouf.
Dem President vum Syndikat vun de Stied a Gemengen no hätt een d'Situatioun an den Nopeschlänner gekuckt, déi en entspriechende Statut a Schutzmechanismen hätten. Bei enger Entrevue e Mëttwoch mat der Inneministesch Taina Bofferding wëll den Emile Eicher dat Thema uschneiden, well een déi Situatioun nach net gehat hätt a verhënnere wéilt, dass sech net méi getraut géif ginn, fir Politik ze maachen.