
Déi rezent Entwécklungen um internationalen Energie-Marché hannerloossen och zu Lëtzebuerg Spueren. Besonnesch d’Hausse beim Diesel a beim Mazout suergen aktuell fir Onrou. “Et mécht mer natierlech Suergen“, seet den Energie- a Wirtschaftsminister Lex Delles um Mikro vum Lynn Cruchten. Zanter e puer Deeg wier d’Situatioun méi akut ginn, mä et misst een d’Lag weider genee analyséieren.
Eng vun de groussen Onbekannten ass d’Situatioun ronderëm d’Strooss vun Hormus, eng wichteg Handelsstrooss fir Pëtrol a Gas. Wéi laang do nach eng Blockade bestoe bleift a wéi sech d’Produktioune weltwäit entwéckelen, dat wéisst am Moment keen. Alles anescht wier “Spekulatioun“, esou de Minister. Och Prognosen, ob de Bensinnspräis dauerhaft iwwer zwee Euro kéint klammen, kéint een net maachen.
Fir de Lex Delles läit déi eigentlech Fro méi déif: Wéi kann Europa sech manner ofhängeg maache vun Decisiounen, déi baussent dem Kontinent geholl ginn? “Et weist nach eng Kéier, wéi ofhängeg mir si vun Decisiounen, déi mir net zu Lëtzebuerg an net an Europa huelen.” D’Äntwert dorop gesäit hien an enger konsequenter Investitioun an erneierbar Energien.
Genee aus deem Grond ass hien och mat a Spuenien gereest. Am Kader vun der Visitt vum Grand-Duch beim spuenesche Kinnek gouf en “Memorandum of Understanding“ ënnerschriwwen, dee sech ënner anerem ëm gréngen Hydrogen an de weidere Ausbau vun erneierbaren Energien dréint. D’Zil ass kloer: Europa soll méi onofhängeg ginn an seng eegen Energieversuergung stäerken.
D’Präisser op den Tankstelle si direkt un de Marché gekoppelt a reagéiere séier op international Schwankungen. Beim Stroum a Gas wier d’Situatioun anescht: Hei géifen d’Akafsstrategië vun de Fournisseuren dozou bäidroen, d’Präisschwankunge méi laangfristeg ofzefiederen. Dat bedeit, datt et net onbedéngt direkt Repercussioune fir d’Stéit gëtt, ausser d’Kris géif sech iwwer eng méi laang Zäit zéien.
Sollt d’ituatioun sech verschäerfen, schléisst de Minister staatlech Mesuren net aus. D’Regierung misst dann hir Responsabilitéit iwwerhuelen a kucken, wéi si de Leit ënnert d’Äerm gräife kéint, fir d’Kafkraaft ze sécheren.
Déi aktuell Entwécklunge si fir den Energieminister en Zeechen, datt Europa seng Energiepolitik weider diversifizéiere muss. Nëmmen esou kéint ee verhënneren, datt international Krisen e groussen Impakt op d’Energiepräisser hunn.