
D'Stéphanie Rauchs huet 27 Joer an ass den Ament zu Bordeaux an der Spezialiséierung, fir Kannerpsychiaterin ze ginn. An der Groussstad wier an de leschte Wochen jee nodeem, wéi de Wand gedréit huet, den Himmel donkel ginn. Op der Strooss wiere Leit mat Maske gelaf, dat duerch déi vill Partikel, déi an der Loft geflu sinn. D'Stéphanie Rauchs sot am Interview, dass et schonn e beängschtegend Gefill gewiescht wier.
"Et seet ee sech, mir sinn hei an Europa, esou schlëmm Bëschbränn gëtt et net onbedéngt a Frankräich. An op eemol trëtt de Fall an an et ass ee selwer concernéiert."
Déi lescht Wochen hunn d'Stéphanie Rauchs un de Film "Roter Himmel" erënnert. Am Film geet et ëm véier Jugendlecher, déi an der Vakanz sinn an duerch Bëschbränn an eng bedreelech Situatioun kommen. Eigentlech géif een esou Bedroungen ëmmer als wäit ewech gesinn, elo hei wier se ganz real gewiescht.

Insgesamt hätt sech d'Situatioun e bësse berouegt. E groussen Deel vun de Leit, déi um Cap Ferret liewen, konnten nees an hir Haiser zeréckgoen. D'Bëschbränn wieren zum Deel fixéiert a se géifen net méi progresséieren.

Och zu Bordeaux ass an den Expositiounshalen e Lager fir déi Persounen opgemaach ginn, déi hu misse virun de Feiere flüchten. D'Stéphanie Rauchs sot am Interview, dass och si sech gemellt hat, fir als Volontairin de Leit ze hëllefen.
"Et war esou, dass eng immens grouss Solidaritéit zu Bordeaux spierbar war an dass sech immens vill Leit mobiliséiert hunn, déi am medezinesche Beräich täteg sinn, soudass si finalement net op mech missten zréckkommen."
D'Lëtzebuergerin huet hire Medezinstudium zu Berlin ofgeschloss an ass elo an der Spezialiséierung, fir Kannerpsychiaterin ze ginn. D'Spidol, wou se aktuell och schafft, ass am Zentrum vu Bordeaux. Si hätt sech bewosst fir dës Spezialiséierung entscheet, dat well et e grousse Besoin an der Gesellschaft gëtt.
"D'Chirurgen si grouss ugesinn, d'Psychiateren net onbedéngt. An et mengt een och hei tëschent den Internen a Frankräich wierklech eng gewësse Spannung. [...] Mee wou eeben de Besoin ëmmer méi grouss gëtt an awer och ëmmer méi Leit sensibiliséiert si fir d'Santé mentale an alles, wat dozou gehéiert."
D’Stéphanie Rauchs hat och virun e puer Joren e Stage an der Pedopsychiatrie vun der Kannerklinik gemaach. Fir si géif et nach villes ginn, wat zu Lëtzebuerg kéint ausgebaut ginn.