
Dat sot hien e Samschdeg an engem Interview mam Tageblatt. Et wier e Feeler gewiescht, d'Impfung z'acceptéieren, sou de President vun de Stater Hospices Civils.
Am Laf vum Interview betount den Henri Grethen e puer Mol, dass hie sech impfe gelooss huet, well hie fir keen aneren eng Gefor wollt sinn. Hie misst als President all eenzel Rechnung, och wann et just 2,30 Euro sinn, selwer ënnerschreiwen. An den Ament wär ee bei den Hospices Civils nach net gutt genuch opgestallt, fir alles op Distanz ze maachen. Eng Persoun kéint d'Dokumenter laanscht bréngen, dat stëmmt. Mee hie wär an engem Haus grouss ginn, wou gespuert gouf an hätt och net gewollt, dass ëmmer eng Persoun wéinst senger misst hin- an hierpendelen. Mee spéider wéisst een et ëmmer besser, sou den Henri Grethen.
Hie géing iwwregens weder fir seng Aarbecht bei den Hospices Civils, nach bei der „Fondation Kräizbierg", der „Fondation du Luxembourg" oder beim Institut Pierre Werner bezuelt ginn. Hien hätt e Recht op eng Remuneratioun, mee wéilt dat net.
Wat seng Ausso iwwer d'Ile des Clowns ugeet, wou hie gemengt hat, seng Aarbecht wier méi wichteg wéi déi vun der Associatioun, fir déi wéilt hie sech och entschëllegen. Et wären „flappseg Aussoen" gewiescht. Hien hätt dat solle si loossen, sou steet et am Interview mam Tageblatt.
