
Dozou war den Ex-Buergermeeschter vun Déifferdeng am November zejoert um Escher Policegeriicht verurteelt ginn. Géint dat Urteel hat hien Appell gemaach.
Zur Condamnatioun war et komm, well de Roberto Traversini ënnert anerem géint Artikele vum PAG a vum Bautereglement vun der Gemeng verstouss hätt. Eng eeler Koppel vun Nidderkuer hat de viregte Gemengepapp op d'Geriicht geholl, well deen eng Baugeneemegung ausgestallt hat, duerch déi d'Leit eng Residence just hannert hiert Haus geprafft kruten. Den néidege säitlechen Ofstand vun 3 Meter wär dobäi net respektéiert ginn.
Hätt en awer missen, huet d'Parquetière de Mëttwoch de Moie gemengt. Schliisslech wär den Artikel vum PAG dozou ganz kloer, sou dass d'Baugeneemegung sou net z'autoriséieren an net legal gewiescht wär. E Buergermeeschter dierft eng Baugeneemegung nëmmen ausstellen, wann de Bau, dee soll autoriséiert ginn, all d'Reegele respektéiert. Hei wär dat net de Fall gewiescht.
D'Vertriederin vum Parquet war och net domat averstanen, dass de Roberto Traversini keen anere Choix gehat hätt, wéi d'Baugeneemegung z'ënnerschreiwen. E Buergermeeschter kéint sech nämlech mat Leit ëmginn, déi sou eng Autorisatioun preparéieren. Et wär d'Facultéit a souguer d'Obligatioun vum Gemengepapp, dass eng Baugeneemegung d'Reegele respektéiert a sollt e feststellen, dass dat net geschitt wär, misst e se refuséieren. Virun dëse Faite wär iwwregens schonn emol e Buergermeeschter condamnéiert ginn, deen eng Baugeneemegung ausgestallt hat, déi net legal war.
D'strofrechtlech Responsabilitéit vum Roberto Traversini wär dofir zréckzebehalen an dat 1. Urteel vum Escher Friddensgeriicht ze confirméieren, sou d'Vertriederin vum Parquet. D'Strofmooss aus 1. Instanz wär och appropriéiert gewiescht. Wat e méigleche Rétablissement des lieux ugeet, wär et eng „décision de bon sens" vum 1. Riichter gewiescht, fir den Ex-Buergermeeschter net dozou ze verurteelen. Och an deem Sënn sollt dat 1. Urteel confirméiert ginn.
Dat zweet gëtt de 16. Dezember gesprach.