Dr. Fernand Pauly aus der KannerklinikEt muss nees méi spezifesch no de Kanner gekuckt ginn

Tim Morizet
Den Ament gëtt vill debattéiert iwwert de geplangte Schoulufank am Mee.
Et muss nees méi spezifesch no de Kanner gekuckt ginn
Den Ament gëtt vill debattéiert iwwert de geplangte Schoulufank am Mee.

Erfarunge vun der Kannerklinik op der Areler Strooss weisen ewéi et schéngt, datt d'Kanner de Virus vill manner géifen iwwerdroen ewéi hir Elteren. An awer gëtt elo och reegelméisseg an de Schoule getest. Gëtt et do eng Garantie?
Vum 4. Mee u sollen d'Schoule jo nees progressiv hir Dieren opmaachen. Ënner anerem d'Primaner stinn hei am Mëttelpunkt. D'PCR-Tester sollen hei eng gewësse Garantie a Sécherheet vermëttelen, esou den Educatiounsminister Claude Meisch de Méindeg. Ob et awer effektiv esou eng Garantie gëtt, ass frowierdeg, esou den Dr. Pauly, Kannerdokter am CHL.

"Déi absolut Garantie gëtt et natierlech net. De Virus mécht, wat e Loscht huet. Hie kann iwwerall sinn a wann ech haut net ugestach sinn, kann ech awer Enn der Woch ugestach sinn. Den 100% ass eng Illusioun. Mä dat muss ech net dem Här Meisch erklären. Hie weess dat och."

Fir den Dr. Pauly manner eng medezinesch Mesure ewéi eng, fir d'Populatioun ze rassuréieren. D'Perceptioun vun der Realitéit, wier och eng Realitéit.

"Mä mir si jo och e méi räicht Land ewéi déi aner. Ech weess vun Island, wou se an d'Schoul ginn. Ech weess vu Schweden, wou se an d'Schoul ginn. Ech weess vun Dänemark, wou se an d'Schoul ginn. Ech weess vun Däitschland, wou se nees wëllen an d'Schoul goen. Et ass kee Land, dat esou een héije Sécherheetsniveau sicht ewéi Lëtzebuerg."

D'Lëscht vu Länner, wou et 0 COVID-19-Doudesfäll bei Persounen ënner 20 Joer gouf, ass laang.

"Manner ewéi 0 kënne mer schwéier maachen. Mir hunn awer op der anerer Säit Leit, déi och zu Lëtzebuerg reegelméisseg am Jugend-Alter stierwen. Sief dat duerch Suicide, Sedentaritéit, duerch Drogemëssbrauch, doduerch datt Elteren hir Emotiounen un de Kanner ausloossen a schloen. Dofir kann een net probéieren, op der enger Säit besser ewéi 0 ze maachen. An op der anerer Säit Dosende Kanner a Jugendlechen, déi schwéier Menacen hunn, net respektéieren."

Et wier een elo um Punkt vun der Kris ukomm, wou een och méi spezifesch no de Kanner misst kucken. Dës hätten déi lescht Woche vill Responsabilitéit gehat.

"Si hunn d'Bomi an d'Tatta misse schützen. An ech froe mech heiansdo, wann do eng Krankheet gewiescht wier, déi nëmme Kanner vun 0-5 Joer betrëfft, wier do déi ganz Gesellschaft d'Accord gewiescht, fir all déi vun iwwer 5 Joer, fir brav Doheem ze bleiwen, fir d'Kanner ze schützen. Ech wier mer do guer net esou sécher. D'Kanner si formidabel. Mä elo ass et awer och nees Zäit, fir datt d'Kanner eppes léieren. Dorënner och sozial Kompetenzen."

An déi léiert een net, wann d'Mamm de Kanner mam iPad hannendru leeft, esou nach den Dr. Pauly.

Kannerklinik / De Reportage vum Tim Morizet

Back to Top
CIM LOGO