
Wéi gutt verdroe sech Wunnen a Schaffen? An deene leschte Méint a Joren hunn et eng Partie Fäll queesch uechter d'Land an d'Medie gepackt, wou et genee ëm déi Fro gaangen ass. Dat betrëfft net just déi jeeweils involvéiert Privatpersounen a Gemengen, mee och den Inneministère. An do confirméiert een, datt déi Thematik ëmmer méi present ass.
Datt méi iwwert d'Spannungsfeld tëscht Wunnen a Schaffe geschwat gëtt, géing engersäits dorunner leien, datt d'Leit éischter d'Tendenz hunn dogéint virzegoen, wa se sech ongerecht behandelt fillen, wéi dat fréier de Fall war, anerersäits wier et awer a gewësser Weis och "d'Schold" vum Staat, esou de Premier conseiller de gouvernement am Inneministère Frank Goeders.
"Wat een awer vläicht och muss soen, dat ass, datt mer generell haut versichen, am Städtebau méi op Mixitéit ze setzen. Mixitéit vun de Funktiounen, dat heescht, net nëmme reng Wunnquartieren, wou just gewunnt gëtt. Mee datt mer och versichen, Quartieren oder Dierfer ze schafen, déi keng Schlofdierfer sinn, mee wou och wärend dem Dag eng gewëssen Aktivitéit ass. Dat heescht, et ass scho wichteg, datt een eng Mixitéit virgesäit, wou sech och am Dag eppes deet."
Domadder kéim een a gewësser Weis nees op dat zeréck, wéi et virun enger Partie Joerzéngte scho war, wat awer duerch den Dram vum Eefamilljenhaus am Gréngen, wäit wech vun allem aneren, ersat gouf. Déi Mixitéit wier virun allem wichteg, fir eng onnéideg Mobilitéit ze verhënneren. Et misst een awer oppassen, datt déi kommerziell Aktivitéiten, déi dobäi kommen, d'Liewensqualitéit vun de Leit net verschlechteren, mee se am Géigendeel duerch d'Beliewung vum Duerf no uewe schrauwen. Wichteg wier och d'Ënnerscheedung tëscht kommerziellen an industriellen Aktivitéiten. Wann eng Gemeng sech net sécher ass, ob eng bestëmmten Notzung legal ass, ka se och beim Inneministère nofroen.
"Wou mir hinnen da bei der Interpretatioun vun hiren Texter hëllefen. Dat kënnt reegelméisseg vir. Bei den Notzungen ass et duerchaus mol méiglech, datt d'Texter net ganz kloer sinn an een net direkt ka rausliesen, ass déi eng oder aner Notzung lo méiglech oder net. Dann ass et effektiv eng Saach vun Interpretatioun vun Texter an do hëllefe mer de Gemengen."
Et kéint een net pauschal soen, datt sech éischter kleng oder éischter grouss Gemenge beim Inneministère mellen. Déi grouss Gemenge wieren zwar personell deels vill méi breet opgestallt, dofir hätte si awer och dacks déi méi komplizéiert Dossieren.
Wann ee vum Schaffen a Wunngebidder schwätzt, läit et op der Hand, fir ëmgedréint ze froen, wéi et mam Wunnen an Industriezonen ausgesäit. Den entspriechende Règlement grand-ducal gouf rezent sou iwwerschafft, datt et an den nationalen a regionalen Industriezonen elo méiglech ass, Wunnraum fir Salariéen ze schafen.
"D'Iddi hannendrun ass effektiv, datt Salariéen, déi soss grouss Trajete misste maache respektiv sech hei keng Wunneng kënne leeschten, datt mer deenen och d'Geleeënheeten bidden, fir no un der Aarbecht kënnen ze wunnen. Dat ass effektiv och eng Saach vun der Liewensqualitéit. Op der anerer Säit muss een awer och soen, ass et ganz wichteg, wann een dat mécht, datt een doriwwer nodenkt, wéi mécht een dat a wou mécht een dat an der Aktivitéitszon? Et ass net iwwerall méiglech, an enger Aktivitéitszon Wunnengen opzeriichten, duerch d'Nuisancen, duerch d'Aktivitéiten."
Well déi Méiglechkeet réischt säit dësem Joer existéiert, goufe bis ewell nach keng Wunnengen an Industriezone gebaut. Fir déi national Industriezone wieren den Innen- an de Wirtschaftsministère grad zesummen amgaangen, ze analyséieren, wou dat méiglech kéint sinn.
Wann ee Buergermeeschter eng Baugeneemegung ausstellt, huet en dräi Instrumenter zur Verfügung, de PAG, de PAP an d'Bautereglement. Wann ee Projet mat deenen dräi Instrumenter kompatibel ass, da muss eng Baugeneemegung ausgestallt ginn, egal ob dem Buergermeeschter de Projet gefält oder net. Wa par Konter och just eng Dispositioun net agehale gëtt, dann dierf keng Baugeneemegung ausgestallt ginn. Wärend d'Bautereglementer vun 2028 un national vereenheetlecht ginn, hunn d'Gemenge beim Ausschaffe vun de PAGen a PAPen och dono nach duerchaus ee gewësse Spillraum.