En Dënschdeg de Moie kuerz virun 10 Auer um Aldringen. Et ass roueg – et si kaum Leit ënnerwee. Déi meescht Caféen a Restaurante sinn nach zou. Hei an do lafen d'Preparatiounen.
Am Café vum Yannis Stefanopoulos gëtt geliwwert. E klenge Stock fir déi nächst 48 Stonnen, virun datt d'Diere mussen zoubleiwen. Grouss geliwwert gouf hei schonn eng Zäitchen net méi – e konkrete Plang fir déi no Zukunft existéiert net. De Yannis Stefanopoulos, Proprietär vun engem Stater Traditiounscafé: "Mir kennen esou keng Pläng maachen. Wéi soll ee Pläng maachen, wann ee vun engem Dag op deen anere bemol muss séier zoumaachen. Ech menge mir woussten alleguer, datt et wäert esou wäit kommen, mir hu just op de Moment gewaart. Plangen ass also sënnlos."
En trauregt Joer fir de Proprietär deen dëst Joer säin 20. Anniversaire hannert der Théik feiert. Vun en Donneschden un 3 Wochen Doheem bleiwen, ass awer keng Optioun fir de Cafetier: "Wa mer et erlaabt kréien, probéiere mer vun nächster Woch un, en Take-Away Service ze organiséieren. Mir mussen awer nach kucken op dat Sënn ergëtt. Déi meescht Büroen hei an der Stad sinn eidel, et si kaum Leit op de Stroossen ënnerwee an et ass séier däischter dobaussen."
Fir déi meescht Leit aus dem Horesca-Secteur waren et bekannterweis schwéier Wochen. D'Licht um Enn vum Tunnel war mam Annoncement vun den neie Vaccinen net méi wäit ewech. Ma elo fillt ee sech - zum Deel - ausgenotzt. De François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca: "Mir hunn d'Gefill, datt mir elo als Test benotzt ginn a gekuckt gëtt op dat eppes bréngt, wann de liichte Confinement verstäerkt gëtt. Ech wëll domadder net soen, datt aner Betriber sollen zougemaach ginn, mir brauchen eng staark Ekonomie an dësen Zäiten, ma et kann net sinn, datt Mesurë geholl ginn, déi finalement warscheinlech guer näischt bréngen. Sollt dat de Fall sinn, da froe mir nach méi streng Kompensatioune fir de sämtleche Schued, dee bei eis entstanen ass."
Virun allem hätten déi staatlech Hëllefe virum neie Covid-Gesetz misste gestëmmt ginn, esou de Reproche vun der Representatioun vum Secteur.
Virun, datt d'Restauratioun dann elo offiziell hir Dieren en Donneschdeg zou mécht, profitéieren nach eng Rëtsch Leit, ewéi och hei um Kierchbierg. Jelena Jevtic, Responsabel vun enger Brasserie um Kierchbierg: "Haut an déi lescht 2 Deeg waren effektiv e puer méi Leit heibannen, well d'Leit scho gespuert hunn, datt d'Restauranten nees géifen zougoen. Et war also e bësse besser fir eis, mä fir eis Verhältnisser nach ëmmer roueg."
Well och wann d'Restauranten dëser Deeg voll ausgesinn, dierft een eppes net vergiessen: „Et si bei wäitem net 100% vun de Plaze reservéiert. Elleng schonn Dëscher, déi op Distanz musse stoen. Da sinn et manner Dëscher an d'Leit hale sech awer e bëssen zeréck. Mir wäerten awer just op 50% Kapazitéit sinn.“
Egal wéi ginn et fir de Cafetier an de Restaurateur schwiereg Wochen. Och wann et – ënner Gänseféisercher – just 3 Woche sinn.
