Beetebuerg, Iechternach, Rouspert a MéischdrefEt dauert nach Méint, bis d'Kläranlagen no der Iwwerschwemmung nees normal lafen

RTL Lëtzebuerg
Dat äntwert d'Ëmweltministesch op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Gusty Graas.
© RTL Archiv

Duerch d'Iwwerschwemmunge Mëtt Juli goufe 4 Kläranlagen am Land signifikativ betraff: Beetebuerg, Iechternach grad wéi Rouspert a Méischdref. Et wäert dann och nach Méint daueren, bis datt d'Installatiounen nees normal fonctionéieren.

D'Carole Dieschbourg chiffréiert de Schued un der Anlag zu Iechternach op ronn 2 Milliounen Euro, d'Aarbechten un den Installatiounen zu Rouspert a Méischdref dierfte mat global enger Millioun Euro zu Buch schloen.

Do derbäi kommen awer och d'Käschte fir d'Reparaturen um Reseau, also de Pompel-Statiounen, de Kollekteren an de Retentiouns-Bassengen.

Hei déi komplett Question parlamentaire als PDF!

Och de François Benoy hat am Kontext vun den Iwwerschwemmungen eng parlamentaresch Fro gestallt, an där et ëm d'Kläranlage gaangen ass.
Back to Top
CIM LOGO