AppellsgeriichtEt blouf bei 2 Méint Prisong mat Sursis wéinst Masturbéieren an engem Zuch

RTL Lëtzebuerg
Och d'Geldstrof vu 500 Euro gouf an Appell confirméiert.

Fir e Mann, dee sech wéinst „Outrage public aux bonnes moeurs“ hat misse veräntweren, blouf et en Dënschdeg an zweeter Instanz bei zwee Méint Prisong mat Sursis probatoire. D'Oplo besteet an der Behandlung vu sengem sexuelle Problem. Donieft bleift och d'Geldstrof vu 500 Euro bestoen. De Mann hat am Februar zejoert moies fréi an engem Zuch, „gutt voll“, wéi hie gesot hat, a Presenz vun zwou Frae masturbéiert.

Back to Top
CIM LOGO