Loftverschmotzung:Et bleift nach Loft no uewen

RTL Lëtzebuerg
Wéi ass ëm d’Loftqualitéit hei am Land a wéi eng Mesurë ginn an Zukunft ëmgesat, fir se ze verbesseren?
Loftverschmotzung
Wéi ass ëm d’Loftqualitéit hei am Land a wéi eng Mesurë ginn an Zukunft ëmgesat, fir se ze verbesseren?

E puer Äntwerten dorobber ginn et am nationalen Loftqualitéitsplang, deen zejoert am Dezember am Regierungsrot ugeholl a viru kuerzem virgestallt gouf. D’Haaptzil dovunner ass, Schadstoffbelaaschtung ze reduzéieren. Eng vun de Léisunge fir dëst ze erreechen, ass an Zukunft d’Verkéierskonzept Modu 2.0 nach méi ze fërderen.

Déi héich Stéckstoffdioxid-Wäerter sinn de Grond fir d’Erstelle vum Loftqualitéitsplang. Dat well Lëtzebuerg 2018 bei e puer Teststatiounen, dee vun der EU virgeschriwwenen Héchstwäert bei der Joresmoyenne, iwwerschratt hat. Fir d’Belaaschtung ze verbesseren, gesäit de Plang eng Rei Mesuren vir.

Weider Mesure fir den Ausstouss ze reduzéieren, sinn ënnert anerem d’Moderniséierung vun der Bussflott, grad ewéi den Ausbau vum Tram. Donieft soll d’Mobilitéitskonzept Modu 2.0 mat Hëllef vum ëffentlechen Transport an dem Car-Sharing nach méi gefërdert ginn.

Virun allem, déi op europäeschem Niveau festgeluechten Ofgasnormen fir Dieselmoteuren, dierfte weiderhin een essentielle Beitrag an der Lutte geint d’Schadstoffbelaaschtung leeschten. Mir wollte vun de Leit wëssen, wéi d’Loftqualitéit hei am Land ass.

Zousätzlech setzt een op nationalem Plang och op Informatioun an Sensibiliséierung vun der Populatioun, ewéi zum Beispill op eng App, iwwert déi sech d’Notzer iwwert déi aktuell Loftqualitéit kënnen informéieren.

Back to Top
CIM LOGO